Déi 40. Editioun vun der REEL (Réunion Européenne des Etudiants Luxembourgeois) huet dëst Joer vum 19. bis de 22. September zu Köln an Däitschland, an domat fi r déi 3. Kéier hei, stattfonnt.
Ronn 150 Student:innen sinn do wärend 4 Deeg zesummekomm fi r un engem Kaderprogramm deelzehuelen, sech iwwert déi ennerschiddlechsten Thematiken déi si betreffen auszetauschena fir sech kenne mat Letzebuerger Student:innen uerschtert ganz Europa, mat Vertrieder:innen aus der Héichschoulbildung a politeschen Acteuren ze vernetzen. Dat grousst Thema dat intensiv op deser REEL beschwat gouf war „Zukunft gestalten – Kompetenzen am Kontext vun der Digitaliséierung“.
Den éischte Moien goufen d’Student:innen no enger Busfaart vu 4 Stonnen zu Köln mat engem klenge Moiesiessen begréisst, éier et dann mam offizielle Programm lassgaangen ass. Am „Philosophikum“ goufe vum ACEL-Comité dräi interessant Workshops ugebueden zu den Themen „Penisoun“, „ASBL (Association sans but lucratif)“ an „Digitalisatioun“.
D’REELaner:innen haten am Viraus d’Méiglegkeet sech fi r ee Workshop ze entscheeden a konnte sech do dann a méi klenge Gruppen zu dem jeeweilegen Thema austauschen. No deelweis ganz interessanten a konstruktiven Diskussioune sinn all d’REELaner:innen nach eng Kéier an enger gemeinsamer Plenière zesummekomm fi r d’Resultater aus de verschiddene Workshops ze presentéieren, soudatt dono jiddereen och eng Iddi vun den Diskussiounen aus deenen anere Workshops krut. No enger kuerzer Stäerkung beim Mëttesiessen an der „Mensa Köln“ an dem follgenden Check-In am Hotel stoung dann der traditioneller Partnerfoire, déi an der Mensa Köln stattfonnt huet, näicht méi am Wee.
Lassgaangen ass et mat de Presentatiounen vun de verschiddene Partner:innen vun der REEL, wouropshin d’Partnerfoire sein übleche Laf geholl huet bei där d’REELaner:innen d’Méiglechkeet hate fi r mat de verschiddene Partner:innen an d’Gespréich ze kommen. Hei ass dann och schon sécherlech déi eng oder aner Stage- oder Aarbeschtsplaz ugeschwat a vielläicht och scho geplangt ginn. Fir dem Ganzen och ee bëssen méi e lockeren a net ze dréchene Kader ze ginn, gouf et parallel dozou schon dat eent oder anert Glieschen Wäin an eppes klenges ze iessen. De kréinenden Ofschloss vun dësem usprochsvollen Dag war eng Soirée privée am Club „Zimmermanns“.
Freides Moies ass et dann mat de kulturelle Visitten lassgangen, woubäi d’REELaner:inne sech am Viraus fir entweder de „Chempark“, „d’Ford Werke“, de „WDR“ oder de „Flughafen Köln/Bonn“ entscheede konnten. Fir d’Mëttegiessen hu sech d’Participanten alleguer an der Pizzeria „L’Osteria“ ëremfonnt fi r sech iwwert dei verschidde Visitten auszetauschen, éier et dann mam traditionelle Rallye duerch déi wonnerschéin Domstadt weidergaangen ass. Hei konnten d’REELaner:innen a klenge Gruppen op engem Tour duerch Köln, an opgrond vu klenge Spiller, esouwuel d’Stad, wéi och Student:innen aus anere Cerclë, besser kennenléieren. Den Uschloss vun dësem erfollegräiche Rallye war dat gemeinsamt Owesiessen am „Maybach“ éier et da per Bus zeréck an den Hotel goung fi r sech prett ze maachen fi r dei doropsfollgend Soirée publique am Club „Roonburg“.
Samschdes stoung dann d’Journée politique am „Hilton“ um Programm, woufir sech d’REELaner:innen och extra chic gemaach hunn. De politesche Volet vun der REEL gëtt vum REEL-Comité a Kooperatioun mat der ACEL organiséiert. Den Dag gouf mat engem interessante Monolog iwwert d’Haaptthema vun dëser REEL vum Fabrice Roth, Direkter vum Lycée des Arts et Métiers, un d’Rulle bruecht. Den Här Roth huet déi verschidden Aart a Weise vun der Educatioun virgestallt an d’Wichtegkeet vun engem diversen a méi digitale Schoulsystem ënnerstrach. No dësem wichtege Monolog hat dës REEL déi grouss Éier, S.A.R. de Grand-Duc Henri, wéi och d’Oberbürgermeisterin Henriette Reker als Eiregäscht am Kader vum 40. Anniversaire vun der REEL ze empfänken. No engem kurzen Diskurs iwwert d’Zesummenaarbescht vun der Stad Köln a Lëtzebuerg vun der Oberbürgermeisterin Reker ass et da weidergangen mat engem klenge Patt, woubäi d’Student:innen d’Méiglegkeet haten, sech mam Grand-Duc iwwert d’Studentelierwen, wéi och iwwer aner wichteg Sujeten auszetauschen.
Nom Mëttegiessen hu sech d’REELaner:inne vum Grand-Duc Henri an der Oberbürgermeisterin Reker verabschit an de Programm ass mat der Table Ronde zum Thema vun der REEL weidergaang. D’Invitéeën waren d’Stéphanie Obertin, Ministesch fir Forschung an Héichschoul, wéi och Ministesch vun der Digitalisatioun, de Serge Linckels, Direkter vum Digital Learning Hub, d’Sylvia Ridlesprige, Direktesch des affaires générales et des partenariats formation de la Chambre des Commerces, de Christophe Ley, Mathematiksprofessor op der Universitéit Lëtzebuerg, a schlussendlech de Kimon Leners, President vun der ACEL. Beschwat goufen nierft de sougenannte „soft skills“ an „hard skills“ och d’Zukunft vun der kënschtlecher Intelligenz an der Aarbechtswelt an wéi d’Student:innen sech an dëser zurecht fannen kennen. No den interessanten an vielfältegen Diskussiounen vun der Table ronde ass et dann zum Ofschlossiessen am Hilton komm, woubäi d’Invitéeen, wéi och d’REELaner:innen, et sech net huelemgelooss hunn ee Glas Wäin oder e kale Kölsch ze drénken. Géint 10 Auer ass et da per Bus an den Club fi r d’Soirée chique gaangen.
Sonndes, de leschten Dag vun der REEL, sinn d’REELaner:innen dann op dei verschidde Spaassvisitte gaangen. Hei haten d’Student:innen an d’Ex-Student:innen d’Méiglegkeet sech am Viraus fir „d’Kölnisches Stadtmuseum“, „d’Motorworld“, „d’Schloss Augustusburg“, oder den Dram vun all Effzeh Fan, „d’Rhein-Energie Stadion“, woubäi d’REEL dei grouss Eier hat, de lëtzebuergesche Fussballprofi Mathias Olesen op der Visitte dobäi ze hunn, unzemellen.
Dem REEL-Comité vun Köln hei e grousse Merci fi r d’Organisatioun vun deser gelongener REEL, woubäi all Participant, wéi och all Invité, op seng Käschte komm ass.