Skip to main content

LSD

Lëtzebuerger Studenten zu Düsseldorf

Wee si mir?

D'Lëtzebuerger Studenten zu Düsseldorf (LSD) sinn ee klenge Studentecercle zu Düsseldorf. Och de Comité besteet aus wéineg Leit, deen awer reegelméisseg Events organiséiert fir lëtzebuergesch Student:innen zu Düsseldorf zesummenzebréngen. Zesummen welle mir eng flott Zäit verbréngen an eis géigesäiteg am Student:inneliewen ze ënnerstëtzen.

Wat maachen mir?

  • Stammdësch - Aktuell hu mir all zwou Woche Stammdësch wou mir zesummen eppes drénken, eis austauschen an einfach ee gemittlechen Owend zesumme verbréngen.
  • Rallye - Am Ufank vum Wantersemester organiséire mir ee Rallye fir deenen neie Student:innen Düsseldorf ze weisen.
  • Studentefoire - All Joer representéire mir den LSD op der Studentefoire.
  • NRW Noperen - Mir ënnerhuele reegelméisseg Aktivitéiten mat eisen NRW Noperen (Bonn, Oochen, Köln): Picknick, Summerfest, Chrëschtmaart, ...
  • Intercercles - Mir gi reegelméisseg vun anere Cerclen op hieren Intercercle invitéiert. Do treffen da verschidde Cerclen openeen a verbréngen eng cool Zäit zesummen.
Follow eis an de soziale Medien