Skip to main content

RLA

Roud Léiwen Amsterdam

Wee si mir?

Mir sinn d'Rout Léiwen Amsterdam (RLA), de Cercle vun de Lëtzebuerger Studenten zu Amsterdam. Den RLA ass nach ee ganz neie Comité dee réischt am Summer 2022 gegrënnt gouf nodeems de Cercle vun de Studenten aus Holland gespléckt gouf. Eist Zil ass et d’Studenten sou gutt et geet z’encadréieren, z’ënnerstëtzen an z’informéieren. Sou garantéiere mir hinnen ee gudde Start an hiert neit Studenteliewen a suergen dofir dass si sech zu Amsterdam wuel fillen. Wärend dem Schouljoer organiséiere mir och reegelméisseg Eventer (z.B: Fräibéier, Bowling Owend, Bootstour,…) fir eis Studenten zesummen ze bréngen. Eise Comité hellt och u gréisseren Eventer deel.

Wat maachen mir?

  • Student fir 1 Dag
    • Schüler kréien d’Méiglechkeet, d'Haaptcampusen ze gesinn
    • Schüler kréien en Abléck an d'Studenteliewen zu Amsterdam
    • Schüler kënnen sech mat Studenten aus Amsterdam austauschen, an Froen zum Liewe, Studéieren an der Stad stellen
  • De Studentebal
    • zu Amsterdam: eist signature Gedrénks entwéckelen
    • Team Building duerch d'Op- an Ofriichten vum Site
    • Mat anere Cerclen eist Gedrénks un haaptsächlech aner lëtzebuergesch Studenten verkaafen
  • Daf
    • fir eis nei Studenten an d’Studenteliewen an d’Stad z’integréieren an hinnen d’Méiglechkeet ze ginn, sech ënnerteneen an och mat eelere Membere bekannt ze maachen
    • Amsterdam op eng spilleresch a lëschteg Aart kennenléieren.
Follow eis an de soziale Medien