D’ACEL hat de 6. Juli hir traditionell Assemblée Générale Ordinaire am Summer an der Maison du Savoir um Belval.
Op der Dagesuerdnung stoungen ënner anerem Rapporten iwwer d’Aktivitéite an der éischter Halschend vum Joer an d’Adaptatioun vum Budget 2025.
Ausserdeem hu mir en neien Cercle opgeholl: D’NSA, e fachspezifeschen Cercle fir Infermierestudenten.
Zousätzlech war och nach eng Assemblée Générale Extraordinaire vun der REEL, wou ënner anerem nei Statuten an en neien Réglement interne diskutéiert a gestëmmt goufen.
No der AG gouf et nach e Patt an en Iessen am Urban um Belval.