Skip to main content
LILLE
Neie Cercle

LILLE

Liaison Interuniversitaire à Lille des Luxembourgeois en Escale

Wee si mir? 

Mir sinn LILLE – d’Liaison Interuniversitaire à Lille des Luxembourgeois en Escale. Zanter 2025 representéiere mir d’Lëtzebuerger Student*innen zu Lille. Eist Ziel ass et, d’Student*innen ze verbannen an eng flott Atmosphär ze schafen. Mir ënnerstëtzen eis géigesäiteg an all de Schwieregkeeten, déi ee Liewen am Ausland mat sech bréngt, ob et sech em Problemer op der Uni, Froe bei der Wunnengssich oder Einsamkeet handelt. Dofir organiséiere mir kulturell, geselleg, a spilleresch Aktivitéiten an treffen eis reegelméisseg ronderëm de Stammdësch.

Wat maachen mir?

  • Stammdësch – All Mount treffe mir eis an enger lockerer Atmosphär am Zentrum vu Lille. Vum traditionellen Iessen aus dem Norde bis hin zu internationaler Kichen, alles ass dobäi.
  • Patt’minet – reegelméisseg komme mir no de Coursen a ënnerschiddleche Baren a ganz Lille zesummen.
  • Ob e puer Ronnen Darts, Pub-Quiz, Laftreffe ronderëm d’Citadelle oder Co-Voiturage: sou geet et bei ons weider!
Follow eis an de soziale Medien