Skip to main content
Regruppement

De Quizowend 2026

By April 14, 2026No Comments

Den 4. Abrëll 2026 huet eisen traditionellen Quizowend vun der ACEL vill Leit op Schëffleng an d’Veräinshaus gelackelt. Mat 22 motivéierten Ekippen war d’Stëmmung top, an et gouf mat vill Grips, Teamgeescht an enger gudder Portioun Humor geroden a gekämpft.

Ugefangen huet den Owend awer mat enger mëttlerweil traditioneller Spend. Dëst Joer hu mir eis dofir entscheet der Fondation Alzheimer an der Fondation Häerzkrank Kanner den Erléis vum Tournoi de Noël 2025 ze iwwerloossen. Mir sinn houfreg, dass mir jeweils 5.500€ un déi zwou Associatiounen konnte spenden. Merci fir Äert Engagement !

 

Dono ass et dann mam eigentlechen Quiz weidergangen. Natierlech konnt um Enn net jiddweree gewannen, mee mir haten d’Freed, 5 Ekippen mat flotte Präisser ze belounen an hinnen e Laachen op d’Gesiicht ze zauberen.

E ganz grousse Merci geet op dëser Plaz un eis Sponsoren: Wormer Koeppchen, Parc Le’h, Bernard Massard, Domaine VinsMoselle an Sport4Lux – ouni Iech wier dësen Owend net dee selwechten gewiescht !

Mir freeën eis schonn op déi nächst Editioun !