Am Kader vun der geplangter Reform vun der AideFi huet d’ACEL de 15. Abrëll e Communiqué de Presse rausbruecht fir sech ze positionéieren. Fir d’ACEL bréngt d’Reform vun der AideFi wichteg Verbesserunge fir Student:innen, besonnesch méi Flexibilitéit an eng gezielt finanziell Entlaaschtung. Ënner anerem ginn d’Zënsen op de Studenteprêt erofgesat, d’Mobilitéitsbourse erhéicht a verschidde Käschte bei Bewerbungen iwwerholl. Och Deelzäitstudien ginn an Zukunft besser ënnerstëtzt, wat den Accès zum Studium méi sozial gerecht mécht. Am Grousse Ganze gesäit d’ACEL d’Reform als Schrëtt an déi richteg Richtung, wëll awer betounen, datt weider Upassungen a Zukunft wäerten néideg bleiwen. De ganze Communiqué fannt dir hei:


















