Skip to main content
ArtikelenZesummebréngen

Mat weideren Intercerclen duech d’Fréijoer

By June 24, 2019December 14th, 2019No Comments

Mam Fréijoer an de steigenden Temperature klammen och d’Méiglechkeete vun Intercerclen am Fräien. Dofir kënne mer Iech hei 6 weider Intercerclë virstellen, mat deenen sech d’Studenten am Ufank oder Enn vum Semester ameséiert hunn:

Tournoi de l’Ambassadeur (AVL)

Den Ufank mécht den AVL mam Tournoi de l’Ambassadeur, engem traditionelle Fussballstournoi tëscht de Stied Oochen, Léck, Bréissel a Louvain, deen à Tour de role vun engem vun deene Cerclen organiséiert gëtt. Mee dëst Joer war nei, dass och aner Cerclen ageluede goufen, fir matzespillen, an déi Aluedung hunn di eng oder aner och gären akzeptéiert.

Mat 8 Equippen ass den Tournoi da moies lassgaangen, wou an 10-Minutten-Matcher ob engem uregen Äschen-Terrain als éischt d’Gruppephase an dono natierlech och d’Finalen ausgespillt goufen. Am Finalmatch konnt sech eng vun de Bréisseler Equippe géint hir Kollege vu Louvain duerchsetzen an och eng vun de Oochener Equipe konnt sech di lescht Coupe vum Heemtournoi sécheren.

Nodeem dann all Mënsch geduscht an erëm prett war, gouf den zweeten Deel vun der Intercercle gestart: d’Kréinung vum Roi des Rois an der Reine des Reines, bei der aus de 4 Basiscerclen déi jeeweileg Roi a Reine ugetruede si fir hir Stad ze vertrieden. Gewonnen huet d’Reine aus Louvain an de Roi vu Léck.

Nodeems et nach bësse virugaangen ass mat Iessen a Gedrénks um Terrain ass dann d’Intercercle an de Stammcafé vum AVL verluecht ginn, wou bis spéit an d’Nuecht gepotert a gefeiert gouf, ier sech all Mënsch ob den Heemwee gemaach huet.


 

Rhein in Flammen (Alesontia)

Puer Deeg drop waren et dann d’Kollege vum Alesontia, déi eis op hir Intercercle Rhein in Flammen agelueden hunn. De ‘Rhein in Flammen’ ass en Festival, wou ee keng Entrée muss bezuelen an deen all Joer vu méi wéi 100.000 Leit besicht gëtt, déi lokal Bands an DJ’s kënne kucken, ob verschidde Spiller kënne goen an zum Schluss en grousst Freedefeier iwwert dem Rhäin kënne gesinn.

Ier et awer fir d’Participante vun der Intercercle ob de Festival gaangen ass, gouf nach bei beschtem Wieder bëssen eppes fir d’Teambuilding an d’Kenneléieren tëscht all de Leit gemaach. Bei lëschtege Spiller an deem engem oder anere Béier gouf de ganzen Nomëtte matenee geschwat a gegeckt ier sech dann de ganzen Trupp Richtung Festivalgelänn gemaach huet. Nodeem een zu Bands wéi Kasalla oder Klangkarussell konnt danzen a feieren ass et dann um 1 och scho fäerdeg gewiescht mam Spaass an d’Léit sinn all schlofe gaangen.

Den Dag drop war dann nach en klengt Iessen am Bönnsch-Brauhaus, wou jiddereen sech iwwert den Owend konnt austauschen an seng nei gewonne Kollege weider konnt an d’Häerz schléissen. Fir di ganz Motivéiert gouf nom Iessen nach eng Tour duerch Bonn ugebueden, wou een di schéi Stad konnt bei guddem Wieder erliewen, an d’Leit hunn sech dono gutt gelaunt op den Heemwee gemaach.


 

Balelec (AELL)

Eng Woch mi spéit war et erëm en Festival, deen de Grond fir eng Intercercle war. Des Kéier huet eis de Wee an d’Schwäiz gefouert, fir genau ze sinn op Lausanne bei d’Leit vum AELL. Hire Festival, den Balelec, ass de gréisste Studentefestival an Europa a fënnt all Joer duerch d’Hëllef vu ville Fräiwëllegen a Studenten um Campus vun der EPFL statt. Nieft lokale Museker kommen och international a bekannt Gruppen ob d’Bühn, fir den Zuschauer en onvergiesslechen Owend ze bidden.

Ier et fir d’Participante vun der Intercercle awer op de Festival gaangen ass, gouf ob enger Plaz beim Séi, deen direkt nieft dem Areal vun der Uni läit, de Grill ugeschmass an d’Stëmmung lues a lues gehuewen. Bei gréisstendeels guddem Wieder konnten sech d’Leit ënnertenee kenneléieren an d’Gegrills um Ufer genéissen. Wéi da géint 18 Auer de Festival ugefaangen huet, hunn sech d’Leit missen entscheeden, ob se nach bëssen ob der Grill-Plaz chillen oder sech direkt an d’Getemmel stierzen an d’Nuecht zum Dag maachen. Iergendwann war dann och jidderee motivéiert genuch fir de Museker ob de Bühnen nolauschteren ze goen, sou dass den Owend sou richteg lass goe konnt. Nodeem all Mënsch sech bei feinster Musek ausgepowert huet, gouf sech dann an de fréie Moiesstonnen op den Heemwee gemaach.


 

Soccergolf (SLUF)

Schlag ob Schlag geet et net nëmme bei den Datumer, mee wuertwiertlech och bei der nächster Intercercle: Den Dag nom Balelec hunn d’Freiburger geruff an en flotten Dag beim Soccergolf organiséiert. Wéi de Numm et scho seet, ass Soccergolf eng Mëschung tëscht Fussball a Golf: et muss ee säi fussballerescht Kënnen ënner Beweis stellen an di 18 Lächer mat sou wéineg Schëss, oder Schléi, wéi méiglech treffen.

An Gruppe vu 4-6 Leit hunn sech d’Participanten den, mol méi, mol manner schwéier ze treffende Lächer gestallt an deen een oder anere Ball an d’Maisfeld nieft dem Terrain gedonnert. Fir dass och kee vun de Bee fält an di néideg Kraaft a säi Schoss kritt, war no 9 Lächer eng ‘Halbzeit’ ugesot, wou de Comité vum SLUF puer Bréidercher bestallt huet a jiddereen seng Energie konnt oplueden. An och bei de leschte Lächer war de sportlechen Éiergäiz nach do an d’Ambiance vun all de Leit dem Wieder entspriechend richteg gutt.

Wei dann all Ball versenkt war, goufen di lescht Sonnestrale genoss an sech dono ob de Wee an d’Staat gemaach, wou 2 Spanfierkel op di hongereg Sportler gewaart hunn. D’Stëmmung war natierlech och weiderhi prächteg, wat een un den een oder anere gesongene Lidder erkenne konnt. Nodeems all Teller eidel gebotzt war an d’Leit besser Musek wei hir eege Stemme wollten héieren, hunn si d’Nuetsliewe vu Freiburg onsécher gemaach.

Den Dag drop hunn sech puer Leit nach ob en klenge Brunch getraff, ier och si sech vun dem Breisgau verabschit hunn an heemgefuer sinn.


 

Mainhattan (LSRM)

Eng Woch drop huet dann en weidere Cercle sech wollte vun der beschter Säit weisen an huet alleguer d’Cerclesmembere bei sech agelueden. D’Membere vum LSRM hunn dat beschte Wieder bestallt a konnte bei hirem Mainhattan Intercercle all d’Participante vu Frankfurt iwwerzeegen. Ugefaangen huet de ganze Spaass mat enger Visitt vum Maintower, dem zweethéchsten Héichhaus an der hessescher Groussstad. Vum Dach huet een eng wonnerschéin Iwwersiicht iwwert d’Stroossen an d’Gebaier gehat, déi dono och zu Fouss erkundet goufen a Form vun engem klenge Rallye. An zwou Gruppen hunn d’Participante verschidde Spiller a Rätsel misse bewältegen an sech sou zimlech gutt d’Zäit verdriwwen.

Wéi d’Leit dann nom ville Roden a Ronderëmlafen hongereg an duuschtereg goufen, hunn se sech all beim ‘Luft- und Lichtbad’ beim Main getraff, wou de Comité gutt preparéiert op se gewaart huet an all Mënsch verköstegt huet. Mat klenge Spillercher gouf dann och hei den Nomëtten a freien Owend verbruecht an sou konnten sech d’Leit nach bësse besser kenneléieren, ier d’Sonn ënnergaangen ass. Dann gouf alles um Main agepaakt an sech ob de Wee an d’Frankfurter Nuetsliewe gemaach. An 3 Caféen a Clubs huet sech des lëschteg Delegatioun vu Studenten aus de verschiddenste Stied d’Nuecht zum Dag gemaach, ier et dann no engem flotten Dag an den Hostel gaangen ass.

Ier et fir all Mënsch da geheescht huet ‘zréck an d’Unistad’, konnten se sech nach bei engem grousse Brunch stäerken. An engem Restaurant nieft der Goethe Universitéit vu Frankfurt war bei engem Buffet fir all Participant eppes dobäi a bei engem leschten Zesummesinn konnten nach etlech Geschichten ausgetosch ginn. Trotz wéineg Schlof war et fir jiddereen en gelongene Weekend, un deen een sech gären erënnert.


 

Würzburger Wäifest (LSWü)

Als leschten Deel an dësem Blogpost stellen mer Iech eng fonkelnei Intercercle fir, an zwar d’Würzburger Wäifest vum LSWü. Leider ass den Numm bësse verwirrend, well sech am Weekend geiert gouf an dofir kee Wäifest stattfonnt huet, dat huet awer net geheescht, dass des Intercercle keen Erfolleg konnt sinn.

Fir och alle Participanten hir schei Stad ze weisen, gouf en Rallye organiséiert, an all Statioun hat säi Standuert ob engem vun de wichtegste Punkte vu Würzburg. An 6 Gruppen hunn sech d’Leit bei beschtem Wieder op de Wee gemaach an hiert Kënnen a Wësse bewisen. Egal ob bei enger Kleederzwiwwel bei der Festung, Ballone platze beim Main oder Kaweechelcher zielen an der Foussgängerzone, d’Stëmmung war bei jidderengem prächteg. Wei dann all Statioun besicht war, gouf den zweeten Deel vum Owend gestart.

Nom Anchecken am Hostel ass et da fir d’Participanten op eng Wäiprouf an d’Bürgerspital, engem vun den eelsten a gréisste Wäiproduzenten an Däitschland, gaangen. Et krut een nieft 3 verschiddene Wäiner natierlech och eng kleng Visitt duerch d’Kellerei a vill interessant Informatiounen zur Hierstellung vum Wäin. Als sech dann sou lues den Honger gemellt huet, gouf sech ob de Wee an de Restaurant gemaach, wou een sech aus verschiddene fränkesche Spezialitéiten eppes eraussiche konnt fir z’Iessen. Well et dann awer nach ze frei war fir an d’Bett ze goen, war dann nach en Ofstiecher an de ‘Zauberberg’ geplangt, engem Club mat integréierter Openair-Bar a Sëtzgeleeënheeten, wou een dat gutt Wieder bis spéit an d’Nuecht genéisse konnt oder bei flott Musek danze konnt.

Als dann no enger kuerzer Nuecht de Wecker geschellt huet, war den Honger natierlech grouss, an sou huet sech des lëschteg Trupp ob de Wee an d’Wohnzimmer’ gemaach. Do hunn nieft engem grousse Brunchbuffet och d’Präisser vum Rallye gewaart. No engem flotte Weekend goufen hei nach lescht Kontakter geknëppt, ier et dann an de verschiddensten Transportméiglechkeeten erëm heemgaangen ass.


 

Hoffentlech konnte mer Iech och mat dësem Blogpost weider Loscht maachen, och eemol ob enger vun den zuelräichen Intercerclen deelzehuelen oder souguer eng z’organiséieren. An ier et fir di meescht Leit an d’Summervakanz geet, kommen nach puer ganz grouss Intercerclen, vun deenen mer Iech am nächste Blogpost wäerten zielen. \MC