Skip to main content
ArtikelenRepresentéieren

Update Areesen a Frankräich an Däitschland

By April 8, 2020No Comments

 

Frankräich:

De Franséischen Inneministère huet haut matgedeelt, dass all Auslänner deen ab dem 8. Abrëll um Mëtternuecht well  a Frankräich areesen en „Passeierschäin“ brauch. Dëse Formulaire muss um Site vum Franséischen Inneministère Link erofgeluede ginn an ausgefëllt ginn.

Et handelt sech em de Formulaire “Voyage international depuis l’étranger vers la France métropolitaine” 

c:interieur.gouv.fr

Et gëllt natierlech, dëst nëmmen ze maache wann den Deplacement absolut noutwenneg ass.


Däitschland:

An Däitschland gouf vum Krisenkabinett vun der Bundesregierung entscheet, dass all Mënsch deen an Däitschland areest, nodeems en länger Zäit am Ausland verbruet huet muss 2 Wochen an Häislecher Quarantän bleiwen.

c:tagesschau.de

 

Dës Decisioun muss nach vun de Bundeslänner definitiv entscheet ginn, ma a verschiddene Bundeslänner, wie Berlin ass dës Mesure schon a Kraaft getrueden.

Dës Reegelung soll viraussiichtlech ab dem 10ten Abrëll a ganz Däitschland gëllen. Wei dëst genau soll ëmgesat ginn ass awer nach net kloer. Dëst betrëfft natierlech keng Frontalieren.

Esoubal wieder Informatioune virleien, wäerte mir dës natierlech kommunizéieren.

 

 

Weiderhi gëllt natierlech beschränkt är Deplacementer op dat noutwennegst a gesitt vun onnéidege Reesen of.