Skip to main content

Alesontia

Lëtzebuerger Studenten zu Bonn

Wee si mir?

D'Alesontia ass de Cercle vun de Lëtzebuerger Student:innen zu Bonn. 1932 huet eng Dozen Lëtzebuerger sech gesoot, dass studéieren zesummen méi Spaass mécht an huet doropshin e Cercle gegrënnt. No iwwer 90 Joer kennen Generatiounen vu Strudent:innen daat secherlech ënnerschreiwen. An eisem klengen Cercle ass jiddereen Wëllkomm a sou munch Frëndschaften fir d'Liewen goufen hei schon geschloss. Ween am Studium néi Léit kenneléieren well, ass bei eis richteg!

Wat maachen mir?

  • Welcome Drink - All néit Unisjoer fänke mir mat eisem WelcomeDrink un. Héi ginn et an eisem Stammcafé, dem Spleen Béier a Softs op eis fir all Memberen resp. néi Erstien.
  • Bonn in Flammen - Den éischte Weekend am Mee ass et all Joer sou wäit an um gratis Rhein in Flammen Festival mat Féierwierks- an Dronenshow féiere mir mat Kollegen.
  • Drachenfelswanderung - Niewend méi spontanen sportlechen Treffen gi mir am Summersemester och all Joer op de berühmten Drachenfels zu Königswinter. Hei entdecke mir zesummen d'Geschicht vun der Regioun em Bonn.
  • NRW Pick-Nick - Wéi et sech fir gudd Noperen gehéiert invitéieren mir natierlech och eis kölner, oochener an düsseldorfer Kollegen bei eis. Mir verbrengen beim Rhein e flotten Owend
  • Tournoi de Noël, Student fir 1 Dag, De Studentebal, ACEL-Quizowend, Studentefoire & co. - D'Alesontia dierf natierlech och net bei de sëllegen ACEL-Events am Joer feelen!
Verfolleg eis an de soziale Medien