Skip to main content

LSW

Lëtzebuerger Studenten zu Wien

Wee si mir?

Den LSW gouf de 24 Mäi 1975 gegrënnt a besteet lo scho säit 50 Joer. Eis Aufgab ass et d’Lëtzebuerger Student:innen zu Wien ze beroden, ze ënnerstëtzen an zesummenzebréngen. Mir sinn en engagéierte Veräin den sech fir den Austausch, d‘Ënnerstëtzung a fir gemeinsaamt Erliewe vum Studenteliewen zesummegeschloss huet. D’Ziel ass et d’Lëtzebuerger:innen déi zu Wien studéieren oder studéiert hunn ze vereenegen an am In- an Ausland ze vertrieden. Bei organisatoresche Froen oder Problemer sinn mir fir iech do. Mir organiséiere reegelméisseg Treffen, kulturell Veranstaltungen oder sportlech Aktivitéiten a probéieren doduerch d'Lëtzebuerger Gemeinschaft zu Wien ze stäerken.

Wat maachen mir?

  • Eist Saufest fënnt all Joer op der Donau statt an geet iwwert 3 Deeg. Samschdes kann jidderee vun engem All-you-can-drink an enger knuspreger Sau profitéieren.
  • De Pubquiz fënnt 2 mol am Joer statt a Student:innen trieden a 4 verschidde Kategorië géingt eneen un. En ganz beléift Event wou ëm Präisser gekämpft geet.
  • De Beachvolleyball Tournoi ass eng vun eise sportlechen Aktivitéiten an ass eng flott Geleeënheet am Summer dat gutt Wieder ze genéissen a mat seng Kolleg:innen Zeit ze verbréngen.
  • Fir d’Summersemester ofzeschléissen ginn mir op e ganze Mëtten op en Heurigen wou mir an den Wäinbierger déi schéin Aussicht mat engem gudde Glas Wäin genéissen.
  • Den Éisträicher Bal gett am Wanter zu Lëtzebuerg zesumme mat den Innsbrucker Student:innen organiséiert an bréngt net nëmmen eis Éisträicher zesummen, mee och déi aner Cerclen.
Verfolleg eis an de soziale Medien