LSZ
Lëtzebuerger Studenten zu Zürich
Wee si mir?
Mir sinn de Studentencercel vun de Lëtzebuerger Studenten zu Zürech. Mir ziele ronn 120 Memberen déi haaptsächlech op der ETH Zürech, awer och der Universitéit Zürech studéieren. Mir organiséieren iwwert d’Joer eng ganz Rei Aktivitéiten, domat eis Memberen nieft dem Schwiizerdütsch och nach heiansdo Lëtzebuergesch ze héiere kréien. Mee wat bitt eise Club?
Wat maachen mir?
-
Nei Student:innen – Eis Bleuen ginn am Hierscht duerch Aktivitéiten wéi dem First Contact, der Stee, dem Tour en Ville an der Daf begréisst, fir séier Uschloss am LSZ ze fannen. (Looss dech iwwerraschen, et ass net sou schlëmm!)
-
Zürcher Bal - Den LSZ organiséiert zënter 1960 all 25. Dezember de gréisste Studentebal zu Lëtzebuerg, den Zürcher Bal. De Comité plangt alles, an d’Memberen hëllefen engagéiert beim Op- an Ofriichten souwéi hannert de Bare um Bal selwer.
-
Fester - Mir organiséiere vill Fester: d’Soirée Patriotique am Mee, Grillpartyen, de Kleeschenowend, reegelméisseg Stammdëscher an de legendäre Clear The Bottles – eisen Intercercle zu Zürich.
-
Reesen - All Joer fennt eis um Skiweekend, op der Clubrees am Fréijoer an um Wanderweekend am Hierscht – eng flott Geleeënheet, d’LSZ-Gemeinschaft och ausserhalb vun Zürech ze erliewen.
-
Sport - Als LSZ laafe mir all Joers bei der iwwer 110 km laanger SOLA, engem Staffelaf duech ganz Zürech, spillen bei der Volleynight a machen beim Swisscup mat, wou all Lëtzebuerger Studentecerclen sportlech géinteneen ustrieden.
Follow eis an de soziale Medien


