Skip to main content

Blutspendmarathon

Mëtt14MeeDe ganzen DagSa14junBlutspendmarathonALEM-IC

Event Details

Et ass nees esou wäit- eisen Intercercle «Bluttspend-Marathon» geet an déi fënneft Ronn!
Vum 14. Mee bis de 14. Juni 2025 kanns du fir däi Cercle Blutt spenden goen, egal op zu Lëtzebuerg oder an denger Unistad. Schéck eis eng Beweisfoto zesumme mat dengem Numm an dengem Studentecercle, entweder via Facebook oder Instagram oder per Mail op a mir zielen des als 500mL fir däi Cercle. Als Spend ziele Vollblutt-, Plasma- oder Thrombozyttespenden (déi zwou lescht ziele mir pro Persoun am genannten Zäitraum just ee Mol). Och fir Leit, déi aus gewësse Critèren net zur Spend zougelooss goufen, rechne mir bei enger Beweisfoto fir de Versuch trotzdeem 100mL fir de Cercle un. Dee Cercle, deen um Enn vum Mount am meeschte Blutt gespent huet, kritt esou vill Liter Béier, wéi e Blutt gespend huet, geschenkt, deen een dann zesumme genéisse kann🍻
Mir wënschen iech vill Spaass beim Spenden!
Äert ALEM Team 2025

more

Auerzäit

Mee 14, 2025 - Juni 14, 2025 (De ganzen Dag)(GMT+02:00)