Skip to main content
ArtikelenRepresentéieren

Gratis ëffentlechen Transport fir Studenten

By July 31, 2017May 29th, 2019No Comments

No enger Entrevue mam Héichschoulminister Marc Hansen a mam Transportminister Francois Bausch um Ufank vum Joer, erfreet d’ACEL sech verkënnegen ze kennen dass den ëffentlechen Transport ab dem 1. August fir Studenten gratis ass.

 

Den 6 Januar huet sech d’ACEL mam Héichschoulminister Marc Hansen a mam Transportminister Francois Bausch getraff fir zesummen iwwer d’Aféieren vum gratis ëffentlechen Transport fir Studenten ze diskutéieren.
D’Vertrieder vun der Regierung sinn dëser Fuerderung och nokomm mat der Elaboratioun vum Artikel 11 vum Règlement ministériel vum 14. Juli

D’ACEL erfreet sech verkënnengen ze kennen dass den ëffentlechen Transport net den Studenten vun der Uni.lu fierbehaal gouf, mee ewéi vun der ACEL gefuerdert, och fir d’Studenten gelt déi hiert Studium am Ausland maachen. Esou konnt eng Diskriminatioun vun dësen evitéiert ginn.

Wei kréien ech meng Kaart ?

Fir vum gratis ëffentlechen Transport kennen ze profitéieren muss een sech am Mobilitéitszenter op der Stater Gare oder op der Gare um Belval presentéieren mat:

  • enger Preuve d’Inscription vu sengen Studien
  • enger Kopie vu senger Carte d’Identité
  • enger Passfoto
  • a mam ausgefëlltenen Formulaire ‚’’Studentenabo’’, deen op Mobiliteit.lu ze
    fannen as

D’Lycée’s Schüler déi am Hierscht hier Studien ufänken kënnen nach bis den 30. September mat hirer Mycard gratis den ëffentlechen Transport benotzen.

Do ginn dann déi néideg Demarchen gemaach an d’Kaart gëtt engem innerhalb vun 10 Schaffdeeg mat der Post zou kommen gelooss. Als Alternativ kann een déi néideg Dokumenter och mat der Post op de Verkéiersverbond schécken, d’ Adress ass : BP 640, L-2016 Luxembourg

D’Kaart as fir ee Schouljoer gülteg, wat fréistens den 1. August ufänkt a spéitstens den 30 September d’Joer drop ophält.

Nëtzlech Links:

https://www.mobiliteit.lu/se-deplacer/titres-de-transport/tickets-nationaux

https://wwwde.uni.lu/students/useful_information_from_a_to_z/transport_pass