Skip to main content
ArtikelenZesummebréngen

Tournoi de Noël 2017

By November 16, 2017May 30th, 2019No Comments

2017 ass den Don op zwou Organisatiounen opgedeelt ginn. Een Don ass un de Projet Hariko gaangen. Dësen Don ass de 15. Februar dem Marianne Donven, Responsabel fir de Projet Hariko, iwwerreecht ginn. Hariko bitt Workshope an de Beräicher Danz, Musek a Konscht fir Jonker vun 12 bis 26 Joer un. De Projet Hariko huet vun der ACEL een Don vun 2717,12€ kritt, mat dem d’ACEL als Studentenorganisatioun ee Projet ënnerstëtzen well, deen sech fir Jonker asetzt. Duerch dësen Don soll d’Weiderféierung vun aktuelle Workshope, wei och d’Méiglechkeet fir nei Aktivitéite geséchert ginn.

Den zweeten Don vun ebenfalls 2717,12€ ass un d’Fondation Cancer gaangen. D’ACEL ënnerstëtzt domat d’Engagement vun der Fondatioun am Kampf géint de Kriibs. Nieft dësem Don wäert d’ACEL och um Relais pour la Vie deelhuelen. Den Daachverband vun de Lëtzebuerger Studentecercle wäert den 1. Abrëll mat enger Equipe vun 40 Studenten aus de verschiddene Membercercle um Laf dobäi sinn. D’ACEL hofft mat dësem Don wei och mat dem Deelhuelen um Laf géint de Kriibs säi Beitrag an der Fuerschung géint des Krankheet maachen ze kënnen an en Zeechen vun Solidaritéit ze setzen.