Skip to main content
ArtikelenRepresentéieren

Ëmweltplaquette fir den Auto

By August 28, 2018May 29th, 2019No Comments

Du fiers mam Auto an deng Unisstad? Da pass op well a villen Stied ass eng Emwëltplaquette fir den Auto obligatoresch. Wéi eng’s du wou brauchs, fënns du hei!

Fir d’Loftqualitéit ze verbesseren ginn ëmmer méi Stied op de Wee vun enger Emwëltplaquette. Dës huet zum Ziel fir déi ëmweltfrëndlechst Autoen ze favoriséieren, an wann een keng huet, kann et séier deier ginn. Aktuell gëtt et an Däitschland an am Frankräich sou ee System. An séit Summer 2018 och an da Belsch.

Hei eng kleng Iwwersiicht wéi eng Plaquette’s du wou brauchs an weis du se kriss:

Däitschland Frankräich Belsch
An Däitschland ass et déi sougenannte „Feinstaubplakette“. Dës kanns du um Site vum ACL kafen. A Frankräich heescht d’Emwëltpalquette Crit’air. Se ass a bestëmmten Zone vu Frankräich Flicht. An deenen Zonen kann de Verkéier zu bestëmmten Dageszäiten ageschränkt ginn. All weider Informatiounen an och däi Crit’air bestelle kanns du hei: https://www.certificat-air.gouv.fr. An der Belsch war bis elo just Antwerpen concernéiert, säit dësem Summer ass awer och zu Bréissel eng Emwëltzone ageriicht ginn (LEZ). All Autofuerer deen an déi Zone erafuere well muss sech registréiere loossen. All weider Informatiounen zu der LEZ fënns du hei : https://www.lez.brussels/fr.
D’Plaquette kascht 10 Euro an et dauert 10 Schaffdeeg bis een se huet. D’Ausstellen dauert ongeféier 3 Wochen, de Preis ass 4,21 Euro. Gratis

Beim ACL kanns du dech och iwwert dei verschidde Plaketten informeieren.