Skip to main content
ArtikelenRepresentéieren

Brexit – an elo?

By February 28, 2019May 29th, 2019No Comments

De Michel Barnier, de verantwortlechen EU-Negociateur am Brexit, huet den 11. Februar op enger Pressekonferenz mam Xavier Bettel gesoot, dass mir eis den 29. Mäerz op een “No-Deal”-Zeenario vum Brexit astelle sollen.

Am Fall vun engem DEAL well d’UK di “onsécher” Cartes d’Identité lues awer sécher oflehnen. Dat geschitt awer net vun haut op muer. Di britesch Regierung wäert ee Communiqué publizéieren, andeems de Lëtzebuerger di am Fall sinn, genuch Zäit gelooss gëtt fir op di “sécher” Cartes d’Identitée ze wiesselen.

EU-Bierger di d’EU-Biergerrechter besëtzen dierfen esouwuel mat hirem Pass ewéi och mat hirer Carte d’identité bis zum Schluss vun der Emsetzungsfrist den 31.Dezember 2025 reesen. Duerno mussen d’Dokumenter de biometrësche Standarts vun der International Civil Aviation Organisation (ICAO) entspriechen.

Am Fall vum NO DEAL kënne Reesender aus Lëtzebuerg mat hirem Pass oder hirer Carte d’Identité bis den 31 Dezember 2020 an d’UK areesen.

Op der sécherer Säit sidd dir, wann dir ee gültege Reespass hutt!
Falls dir äre Pass zu Lëtzebuerg sollt leien hunn, da kënnt der Iech dee per ageschriwwene Bréif schécke loossen.

Falls dir guer kee Pass sollt besëtzen a just mat der Carte d’Identité flitt, da kënnt dir Iech nach séier ee Pass zu Lëtzebuerg ufroen.
Wann dir an der nächster Zäit net méi op Lëtzebuerg sollt kommen, da setzt Iech am Beschten direkt mat der Ambassade zu London
a Verbindung.

Fir weider Froen a punkto Brexit huet de Staat iwwert Myguichet ee FAQ ageriicht.
Falls dir nach méi spezifesch Froe sollt hunn, recommandéiere mir Iech eng Mail op folgend Email-Adress ze schécken: email hidden; JavaScript is required

Mir recommandéieren also all Lëtzebuerger Student deen sech ab dem 31. Mäerz 2019 am UK ophält e gültege Reespass ze besëtzen.

Esoubal et nei Entwécklungen a punkto Brexit ginn, hale mir Iech um Lafende souwéi mir dësen Artikel reegelméisseg update wäerten.

(Leschten Stand : 28.02.2019)