Skip to main content
ArtikelenRepresentéieren

Europawahlen – Doheem oder per Bréifwahl wielen?

By March 8, 2019May 29th, 2019No Comments

De 26. Mee sinn d’Europawahlen. Studenten déi net doheem sinn, kënnen och dëst Joer d’Bréifwahl ufroen.

Dëst Joer sinn den 26. Mee Europawahlen, dës Wahlen si fir d’Lëtzebuerger an EU-Bierger, déi sech bis zum 28. Februar an de Wielerlëschten agedroen hunn, Flicht!

Wéi och bei de Chamberwahle gëtt et d’Méiglechkeet nieft den Wahlen am traditionelle Wahlbüro och d’Bréifwahl unzefroen. Mee opgepasst, et gi Fristen déi variéiere jee nodeem wouhin de Bréif geschéckt soll ginn!

Falls d’Bréifwahl un eng Adress zu Lëtzebuerg geet, muss d’Demande bei der Gemeng spéitstens 25 Deeg virun der Wahl gemaach ginn. Dat wier den 2. Mee 2019.

Falls d’Bréifwahl un eng Adress an d’Ausland geet, muss d’Demande bei der Gemeng spéitstens 40 Deeg virun der Wahl gemaach ginn. Dat wier den 16. Abrëll 2019.

D’Bréifwahl ka per Post oder online iwwer myguichet.lu op ärer Gemeng ugefrot ginn.

Weider Informatioune ronderëm d’Europawahl zu Lëtzebuerg fann dir op myguichet.lu