Skip to main content
ArtikelenRepresentéierenZesummebréngen

Rentrée vun der ACEL

By October 16, 2019October 23rd, 2019No Comments

Och fir de Comité vun der ACEL huet dat neit akademescht Joer erëm ugefaangen, dëst mat enger ganzer Réi politeschen Evenementer.

 

Pressekonferenz 2019

Ugefaange mat der traditioneller Pressekonferenz, déi de 16ten September 2019 an de Gebailechkeete vun der Spuerkeess stattfonnt huet. Bei dëser Geleeënheet gouf der Press en Réckbléck vum vergaange Joer presentéiert awer och d’Projete fir d’Zukunft virgestallt. Esou gouf eng kuerz Zesummefaassung gemaach vun den 3 Pilieren aus deenen d’ACEL besteet. Politesch Theme wei d’KFZ Stéier an Däitschland oder nach d’GIS an Eisterraich goufen ernimmt an och d’Problematik dohannert erkläert.

No de politeschen Themen ass de Guide du Futur Diplômé an de Guide du Futur Etudiant virgestallt ginn, déi dëst Joer an engem neien Design erauskomm sinn. Nieft dësen traditionelle Publikatiounen huet natierlech och eng Neierung net dierfe feelen, dës a Form vun engem weidere Guide, dem „Studenteguide“, deen op der Studentefoire  wäert presentéiert ginn. No dem representativen an informativen Deel vun der ACEL gouf natierlech och de Fazit vum Studentebal net vergiess. Dësen huet am Juli stattfonnt, a war en grousse Succès mat méi wei 4000 Entréeën.

Communiqé de presse

 

Entrevue Héichschoulministère

Kuerz no der traditioneller Pressekonferenz stoung eng Entrevue mam Héichschoulminister Claude Meisch um Programm. Bei dëser Entrevue huet d’ACEL Geleeënheet genotzt fir dem Minister seng Aktivitéite virzestellen an iwwer verschidde politesch Dossieren ze diskutéieren.

Esou kruut den Här Meisch en Iwwerbléck verschaaft iwwer d’GIS an d’GEZ, zwee Problemer déi d’Studenten an hirem Alldag betreffen. Weiderhi gouf dann eng vun de wichtegste Missioune vun der ACEL net vergiess an zwar d’Informatioun vun zukünftege Studenten. Ënnert anerem gouf iwwer d’Informatiounsveranstaltungen an de Lycéeë geschwat, mee awer och iwwer de Student fir 1 Dag, deen all Joers an der Ouschtervakanz stattfënnt. Esou konnten d’Zuele vun dësen zwou Aktivitéite virgestallt ginn an de Minister en Iwwerbléck iwwer d’Wichtegkeet vun dësen Evenementer kréien.

 

REEL 2019

Am Mount Oktober huet de Comité vun der ACEL sech dunn op der REEL afonnt, déi dëst Joer zu Ooche stattfonnt huet. D’Editioun vun dësem Joer, déi vum drëtte bis de sechste stattfonnt huet, war vum Thema «Gesellschaftlechen Drock op den akademesche Werdegang» geprägt. Ugefaangen huet dat ganzt mam Partnerdag, bei dem d’Studenten d’Méiglechkeet hunn, mat Entreprisen a Kontakt ze kommen an sech iwwer hier Carrièresperspektiven ze informéieren. No enger vir verschiddener méi kuerzer Nuecht ass et den aneren Dag weidergaange mat Visitten vu Betriber zu an ronderëm Oochen, ënnert anerem d’Kraaftwierk Weisweiler oder och d’Start-Up-Firma E-go konnte besicht ginn.

Den drëtten Dag war ganz am Zeeche vun der politescher Diskussioun, um Samschde Moie war et de Monologe vum Minister Claude Meisch, deen d’Studenten erwaart huet. No engem Mëttegiessen am Haus am See ass et weidergaange mat enger Table Ronde zum Thema vun der REEL, bei dem gesellschaftlech a politesch Acteuren iwwer hier Erfarungen debattéiert hunn. No dësem iwweraus interessante Programm goung et weider op den Empfang vum Premierminister Xavier Bettel, den am Oochener Rathaus stattfonnt huet, an bei deem d’Studente mam Lëtzebuerger Premier konnten iwwer verschidden Themen diskutéieren.

No der traditioneller Soirée Chic am Hotel Quellenhof, stoung de leschten Dag vun der REEL un, dëse war vu méi entspaanten Aktivitéite geprägt a goung mat engem Rittermahl am Marschiertor op en Enn.

Communiqué de presse


 

An dësem Sënn an no villen Interessante politeschen a gesellschaftlechen Diskussioune wënscht de Comité vun der ACEL all de Studenten eng gutt Rentrée an e flott akademescht Joer 2019/20.