Skip to main content

Fir eist Team am Beräich vun der Grafik ze verstäerken, sinn mir op der Sich no motivéierten Studenten, déi sech mat Freed am Benevolat engagéieren. Mir sinn en flotten Comité vun Studenten, déi sech fir Studenten asetzen, se informéieren an regroupéieren. Fir des Ziler ze erreechen, brauchen mir kreativ an talentéiert Leit, fir dass eis Publikatiounen, wéi zum Beispill de Guide du Futur Etudiant, Post an den sozialen Netzwierker an Pubmaterial fir beispillsweis de Studentebal optimal designed sinn. Falls folgend Kompetenzen op dech zoutreffen, bass du genau dat Richtegt oder deen Richtegen fir Deel vum ACEL Comité ze ginn an dech aktiv am Studentenuniversum ze bedeelegen:

– gutt Kenntnisser vun Illustrator

– gutt Kenntnisser vun InDesign

– Teamfäeg an flexibel sinn

Falls du interesséiert bass, Deel vun eiser flotter Equipe ze ginn, oder weider Froen hues, dann zeck net an mell dech ënnert email hidden; JavaScript is required.

Mir hunn och eng ëffentlech Comitésversammlung, op déis du gären kommen kanns an dir och schonn een éischten Androck maachen kanns. Weider Informatiounen heizou kriss du wanns du dech bei eis mells.