Skip to main content
ArtikelenZesummebréngen

E weidere Chrëschtdagskaddo: 7 Intercerclen

By December 6, 2019December 16th, 2019No Comments

D’Chrëschtdeeg an dat neit Joer sti virun der Dier, do wëlle mer Iech natierlech och e klenge Kaddo maachen, an dofir kritt dir hei nach eng kleng Gute-Nacht-Lektüre, wann de Bauch gutt gefëllt ass vum gudden Iessen.

Oktoberfest (LSM)

Nom Summer kënnt den Hierscht, a mam Hierscht kënnt och ëmmer dat gréisste Volleksfest vun der Welt: d’Oktoberfest. Wärend 16 Deeg ginn iwwer 6 Millioune Leit mat Béier an Iesse versuergt a mat Musek a Spiller ameséiert, an do dierfen natierlech d’Lëtzebuerger net feelen.

Fir di vill Leit aus allen Häre Länner frëndlech ze empfänken, hunn d’Studente vum LSM en gemittlechen Owend an hirem Stammcafé organiséiert, wou sech all Mënsch konnt an enger roueger Emgéigend kenneléieren an sech vun der ustrengender Urees erhuelen. Och di eng oder aner Dëschpartner fir den Dag drop hunn sech scho fonnt, sou ass jiddereen a frouer Erwaardung frei heemgaangen, fir fir den Haaptdag fit ze sinn.

Freidegmoies hunn sech dann all d’Participanten an hir Truecht geschmass an sech ob de Wee Richtung Theresienwiese gemaach. Ab 10 Auer, wou d’Zelter hir Dieren opgemaach hunn, hunn sech d’Leit am Zelt verdeelt a konnte puer Dëscher direkt bei der Musek ergatteren. Mat engem gudden halben Hendl an e bësse Béier am Mo ass d’Stëmmung dann ëmmer méi geklommen a bis zum Schluss héich bliwwen. Fir all di Saachen, déi wärend de ville Stonnen am Zelt geschitt sinn, hei opzezielen, feelt et un Zäit an Zeilen, mee souwisou muss een dat Ganzt materlieft hunn, fir alles kennen nozevollzéien. Als dann um 23 Auer d’Luuchten ugaange sinn, ass dann och jiddereen doudmidd a säi Bett gefall, en ganzen Dag danzen ass eben ustrengend.

Fir de Leit och net ze vill zouzemudden, war de Samschden éischter en relaxen Dag geplangt. Verschiddener si moies en klengen Tuer dech d’Stad gaangen an hunn sech all d’Sehenswierdegkeeten erkläre gelooss, di aner hunn doheem hire Kierper regeneréiere gelooss. Um 17 Auer war dann Treffpunkt am Englesche Gaart, wou ee bei guddem Wieder di schéin Natur konnt genéissen a mat klenge Spiller sech d’Zäit bis d’Owesiesse konnt verdreiwen. Owes stoung dann natierlech nach en anstännegt bayrescht Iessen um Programm, wat och dee Leschten erëm zum Liewen erwächt huet. Dono waren nach eng gutt Rëtsch u Leit, déi nach net genuch vum Feiere haten, an de gréisste Club vu Münche gaangen, fir hir lescht Stonne vun dësem gelongene Weekend ze zelebréieren, ier et fir si erëm an hir Unisstied gaangen ass.


 

LÜ-X-I Rallye (LST)

2 Woche méi spéit hunn dann d’Studente vun Tréier ob hiren LÜ-X-I-Rallye agelueden. Dëst ass e Rallye, deen d’Participanten di ganz Nuecht iwwer duerch Tréier schéckt an hiert ganzt Kënnen a Wëssen ofverlaangt.

Fir dass och kee vun de Been fält wärend dem Rallye, war schonn um 17:00 Auer Treffpunkt am Stammcafé vum LST, wou sech jidderee konnt de Bauch vollschloen. Nodeems jiddereen den Oflaf erkläert krut hunn sech di 8 Equippen no a no ob de Wee gemaach, an der Däischtert di nächst Statioun ze fannen. Bei 6 verschiddene Spiller, iwwer Dräi-Bee-Laf bis hin zum Richmemory, a 5 Froebéi iwwer di ënnerschiddlechst Themegebidder gouf dann all eenzel Gro Zell a Muskelfaser ugesprach, sou dass all Mënsch säi Beitrag konnt leeschten. Obwuel sech puer Equippe verlaf hunn an eng souguer am Krees gelaf ass, war zu gudder Lescht all Mënsch erëm am Stammcafé ukomm.

Fir dass och keen huet missen deeglaang ob d’Bekanntmaache vun de Gewënner waarden, goufen nach de nämmlechten Owend d’Punkte gezielt. Wärenddeem konnt jiddereen sech vum villen Trëppelen erhuelen an der Live-Musek, déi gespillt gouf, nolauschteren. Wei dann alles zesummegerechent war, konnten d’Gewënner och benannt ginn. Um Podium waren nieft 2 Anciens-Equippen och d’Equipe vum Übergang, hirem Stammcafé, déi all Joers matspillt. Natierlech goufen des Resultater nach gutt gefeiert, ier et dann an de freie Moiesstonnen an d’Bett gaangen ass.


 

Kölle Alaaf (LSC)

Dir hutt geduecht, d’Joreszäite wiere Fréijoer, Summer, Hierscht a Wanter? Do hutt der awer d’Rechnung ouni d’Jecken aus Köln gemaach, well hei feieren se och nach di fënneft Joreszäit, de Karneval. Nieft den Deeg virun Äschermëttwoch ass natierlech och de Start vun dëser Zäit eng grouss Party derwäert, an do wou gefeiert gëtt, sinn d’Lëtzebuerger jo och ni wäit.

Aus allen Ecke vun Europa sinn di Lëtzebuerger Studenten dem Ruff vun hire Kolleege vum LSC gefollegt an hunn sech ob de Wee bei de Rhäin gemaach. Well de Startpunkt vum Karneval net eréischt owes ass, si scho vill Leit den Dag virdrun ukomm an zesummen an en kölscht Brauhaus gaangen, wou se sech mat gudder Hausmannskost konnte stäerken. Den 11.11. war et dann esou wäit.

Jiddereen huet sech a säi flotte Kostüm gehäit, säi Proviant agepaakt an ob eng vun de grousse Plazen am Zentrum gaangen, am Fall vun der Intercercle war dat den Alter Markt. Obwuel et dëst Joer richteg kal war, huet dat keen dru gehënnert mat all de anere Jecken ze danzen an ze feieren. Och wann een net d’Musek vum Heumarkt, dem Epizentrum vun der Party, héieren huet, konnt een danzen, well eng kleng Brass Band hir eege Musek gespillt huet. Als dann d’Auer 11:11 geschloen huet, war den offizielle Startpunkt gefall a vun do un war keen Hale méi.

Bis spéit an de Nomëtten gouf geschwat, gefeiert a gedanzt, souguer Beerpong ob mënschleche Beerpongdëscher gouf gespillt. Mat all Stonn, déi vergaangen ass, ass natierlech och den Honger méi grouss ginn. Dofir sinn no a no Gruppe verschwonnen an hunn sech doheem oder a Restauranten eppes z’Iesse gemaach/kaf ier se an d’Zülpicher Straße gaange sinn, wou dann d’Afterparty stattfonnt huet an se bis spéit an d’Nuecht era gefeiert hunn.


Tarte Flambée (ALUS)

Eng vun eisen 3 traditionellen Intercerclë feiert eis ob Stroossbuerg bei d’Membere vun der ALUS an ass de Startpunkt fir en Woch voller Intercerclen.

Joer fir Joer organiséieren si hir Soirée Tarte Flambée am Restaurant ‘au Brasseur’. Hei gouf de Keller ganz gebucht, sou dass vill Lidder konnten ugestëmmt ginn, ouni aner Leit ze steieren. Wéi de Numm et scho seet, gëtt et hei nëmmen eppes z’Iessen, an zwar souvill Tarte Flambée, wei d’Bäich vun all de Leit packen. Vir vill vun de Bleuen zu Stroossbuerg ass dëst Event eng gutt Geleeënheet, puer Punkten an hirem Dafbichelchen ofzehaken, dofir gesäit een hei relativ vill verkleeten Erstis.

Nodeem jidderee gesiedegt war an di lescht Tarte Flambée vernicht gouf, huet sech de groussen Trupp op de Wee an de Jimmy’s gemaach, dee quasi vollkommen a Lëtzebuerger Hand war. Do konnt een di vill Kalorien, déi een zou sech geholl huet, beim Danzen erëm ofbauen, sou dass d’Bikinifigur net ze vill zerstéiert gouf. Als och de Club moies um 4 seng Dieren zougemaach huet, sinn d’Leit all zefridden heem gaangen a konnten ob e flotten Owend zréckkucken.


Clear the Bottles (LSZ)

Een Dag drop hunn dann d’Studente vun Zürech d’Leit agelueden, mat hinnen en amüsante Weekend ze verbréngen. Bis virun zwee Joer nach eng LSZ-intern Aktivitéit, huet dëst Joer di zweeten Editioun vum Clear the Bottles stattfonnt. Mee eent nom aneren:

Freides Owes gouf ganz gemittlech mat enger selwergemaache Kéisfondue gestart. An engem Gemeinschaftszentrum goufen all d’Fonduesdëppen, déi an de Wunnenge vun de Membere lungen, zesummegesammelt a fir di 100 Leit, déi bis de Moment schonn ukomm waren, Kéis geschmolt a Brout geschnidden. Fir mat dem ville Kéis an de lëschtege Gespréicher net de Mond ze dreschen ze kréien, war och fir genuch Gedrénks gesuergt. Nodeems all Dëppen eidelgekraazt a kee Stéck Brout mi do war, sinn d’Leit gruppeweis an d’Nuetsliewe vun Zürech gezunn an hunn sech deelweis den éischte Glühwäi vun der Saison kaf oder sinn an ee vun de ville Caféë gaangen.

Samschdes um 14:00 war dann Treffpunkt ob der Polyterrasse, wou di éischt willkürlech zesummegewierfelt Gruppen op de Rallye gestart sinn. Ob 6 Statiounen hunn d’Leit amüsant Spiller a kniwweleg Froe bewältegen, och den Heng (genannt de Grand-Duc Henri) huet de Wee bis bei den Zürisee fonnt an sech mat de Studenten ameséiert. Als da jiddereen sech physesch a psychesch ausgepowert hat an de Rallye en Enn fonnt huet, sinn d’Leit iergendwou eppes Iesse gaangen, fir e gudde Fong ze hunn.

Well dann huet eréischt den Haaptdeel vun der Intercercle ugefaangen. Wei de Numm et scho seet, ass d’Haaptzil vum Owend alleguer d’Fläschen, déi am Laf vum Joer wärend den Events ugefaange goufen, eidel ze kréien. Dofir huet de Comité 2 Raim um Campus vun der ETH gelount. An engem Raum ware Beerpongdëscher opgestallt, an deem anere war d’Bar mat ville Fläschen an der Museksanlag, mat enger Spotify-Lescht, wou all Participant seng eege Musekswënsch konnt afügen, ausgestatt. Sou konnt een entweder gutt danzen oder sech am mi rouege Raum mat anere Leit ënnerhalen. Um 4 Auer sinn d’Dieren dann zougemaach ginn, an d’Leit, déi hir Aarbecht vum Eidelmaachen zur vollsten Zefriddenheet geleescht hunn, sinn heemgaangen ier et den Dag drop erëm geheescht huet: zréck an d’Unisstad .


Caférallye (AVL)

Di lescht 2 Intercerclen hunn gläichzäiteg stattfonnt an den 28. November de Schlusspunkt vum Intercercles-Joer gesat. Fänke mer also un mat de Studente vum AVL, déi all di aner Cerclen ob eng klassesch Cafésrallye agelueden hunn.

Fir och di gréisstméiglech Duerchmëschung vun all de verschiddene Participanten hunn, goufe sur place di 14 Gruppen opgedeelt an am Véirelstonnentakt ob hir Rees duerch d’Barszene vun Ooche geschéckt. Et gouf natierlech direkt ugefaange mat enger Schätzfro, déi d’Reiefolleg vum Fortgoe festgeluecht huet. Nieft de Spiller a Froeronnen an de 6 Caféen, haten d’Leit och nach weider Rätsel ënnerwee ze léisen, wéi zum Beispill den 3-stellege Code vum Schlass, deen 2 Leit aus all Grupp uneneegekett huet, oder Hiweiser, wat den nächste Café wier, deen se misste besichen.

Trotz alle Beméiunge vu verschiddene Gruppen, d’Comitésmemberen ze bestieche fir Extrapunkten oder Hiweiser ze kréien, sinn déi bei hire Stänn standhaft bliwwen an hunn sech net an d’Kaarte kucke gelooss, mee de Participante knallhaart Froe gestallt oder kniwweleg Aufgabe ginn. Als kuerz no Mëtternuecht och di lescht Grupp de Wee an de Kaktus, de Start- an Endpunkt vun der Rallye, fonnt huet, ass dat grousst Ziele lassgaangen. Well all Grupp bis zu 240 Punkte wärend de 4 Stonne Rallye konnt sammelen, hat de Comité och vill ze di fir sech net ze verrechnen.

Um 3 Auer war dann och di lescht 2+2 Rechnung geléist ginn an do konnten endlech d’Gewënner benannt ginn an hir Kaddoe siche kommen. Dat war awer nach net de Schlusspunkt vum Owend, well dono huet de Bam (oder de Kaktus?) nach bësse gebrannt, ier dann och de leschte Student den Heemwee ugetrueden huet.


Badische Meile (AELK)

Wéini huet ee schonn de Choix, den nämmlechten Dag an zwou verschidde Stied eng Cafésrallye matzemaachen? Net sou oft wéi een et sech wënsche géif, mee dëst Joer war dat de Fall, well nieft den Oochener hunn och d’Studente vum AELK e Cafésrallye organiséiert. Si waren awer bësse méi originell mat der Namensgebung, well si hunn sech un engem Marathon inspiréiere gelooss, an hir Intercercle Badische Meile gedeeft.

Well bësse manner Leit de Wee ob Karlsruhe wéi ob Ooche fonnt hunn, sinn hei och bësse manner Gruppe gemaach ginn. Insgesamt 5 Gruppe sinn um 18:00 um Marktplatz lassgaangen an hiren éischte Café, wou jiddereen eppes Guddes z’Iesse krut an sech sou gestäerkt huet fir nach en ustrengenden Owend. Tëscht all Café waren divers Froen a Rätsel ze léisen a bei all Stand zwee Spiller ze bewältegen. Soumat huet jiddereen net nëmme säi Geschéck bei Spiller wei dem Spaghettituerm oder Flipcup ënner Beweis musse stellen, mee och säi Gehierschmalz bei engem Geographiequiz an den allgemenge Froebéi ustrengen.

Nodeem et e reegelrecht Kapp-u-Kapp-Renne fir di éischt Plaz war a just de Fotofinish et konnt entscheeden, krut d’Gewënnerequippe um Campus vun der KIT säi Präis iwwerreecht. Vun do war et dann och just e Kazesprong bis bei d’Bauingenieurswanterfest, wat zoufällegerweis och deen Dag stattfonnt huet. Sou konnt och all Mënsch dëse gelongenen Owend richteg ausklénge loossen an sech nach eemol auspoweren ier et geheescht huet: Ab an d’Heia!


 

Sou si mer dann och schonn um Enn vun den dësjäregen Intercerclen ukomm. Ech hoffen, dir krut e gudden Abléck an all di verschidden Intercerclen, déi wärend esou engem Joer stattfannen, an hutt och Loscht, un der Enger oder Anerer deelzehuelen oder souguer eng Nei z’organiséieren, déi dann nächst Joer hei an engem Blogpost ze liesen ass.

Ech wënschen Iech am Numm vum ACELs-Comité eng flott Chrëschtzäit an e gudde Rutsch an dat neit Joer. \MC