Skip to main content
ArtikelenRepresentéieren

Assemblée Générale 2019

By December 26, 2019January 31st, 2020No Comments

De 26ten Dezember 2019 huet d’Assemblée Générale vun der ACEL an der Maison du Savoir um Campus Belval stattfonnt.

Dësen Traditionelle Rendezvous ass fir d’ACEL d’Geleeënheet fir op dat vergaangent Joer zeréckblécken an awer och déi Zukünfteg Projete vun der ACEL unzeschwätzen.

Eng ganz Réi politesch Dossiere stoungen am Joer 2019 um Programm, ënnert anerem d’Multimedia Steier (GIS) an Eisterräich oder nach d’KFZ Stéier an Däitschland.

Nieft de Politesche Sujete gouf natierlech och e Bilan gezu vun den Aktivitéite vun der Associatioun am Beräich vun der Informatioun. Hei ass et der ACEL weiderhi wichteg Schüler a Studenten iwwer hier Studieméiglechkeeten ze informéieren.

Weiderhi gouf op der Versammlung decidéiert dass d’REEL 2020 zu Münche wäert stattfannen.

Um Enn vun der Generalversammlung gouf de néie Comité vun der ACEL fir d’Joer 2020 gewielt, dëse sëtzt sech zesummen aus :

Président – Sven BETTENDORF
Vice-Président Représentation – Benjamin KINN
Vice-Présidente Regroupement – Cyrielle DAUMER
Vice-Présidente Information – Christelle MAY
Trésorier – Charel MARCY
Secrétaire – Michelle HEYDER
Responsable informatique – Ruben CARVALHO
Membre du comité – Laura LOPES
Membre du Comité – Max KASEL
Membre du comité – Yannick BOEVER
Membre du comité – Polina BASHLAY
Membre du comité – Catherine NILLES
Membre du comité – Lou PEPIN
Membre du comité – Lynn DUCHAMP

D’ACEL freet sech op en Aarbechtsräicht Joer 2020 mat hire Cerclen.