Skip to main content

Dëst Joer war et nees sou wäit! Freides de 27. a Samschdes den 28. Dezember stoung eisen traditionellen Tournoi de Noël, dee mir a Kooperatioun mat der LASEL organiséieren, um Campus Geesseknäppchen um Programm. No deenen éischte Feierdeeg, war dëst déi perfekt Geleeënheet fir bëssi Sport ze dreiwen a puer Gramm vum villen Iesse lasszeginn. Donieft erméiglecht dëst Evenement Kolleegen, déi queesch duerch Europa verdeelt sinn, erëmzegesinn an déi verschidde Baler zesumme bei engem Patt Revue passéieren ze loossen.

Natierlech hunn et sech vill Leit net huele gelooss, hir Equipe unzefeieren an sou war och wärend deenen 2 Deeg eng super Stëmmung an den Hale vum Athénée, Aline Mayrisch, Michel Rodange an der International School. Den éischten Dag hunn sech d‘Cercle am Volleyball an am Basket gemooss. Hei konnten sech Köln (Basket) a Freiburg (Volleyball) duerchsetzen an d‘Coupe mat heem huelen. Um 2. Dag huet Tréier am Fussball d’Konkurrenz hannert sech gelooss. De Gesamtgewënner kennt dëst Joer aus Saarbrécken.

Fir datt keen hongreg misst heem goen, hunn d’Cercle aus Berlin, Bingen, Heidelberg, Holland an Innsbruck iwwer 2 Deeg fir d’Verpflegung vun de Sportler an de Supporter gesuergt. An der Schwemm vum Campus hunn mir d‘Buvette geschmass an och dat eent oder dat anert Faass ugeschloss. Hei gëtt dee ganze Benefice fir en gudden Zweck un Care Luxembourg an d’Association Narin gespendt.

Mir soen allen Sportler, Supporter a Cerclen, souwéi der LASEL, de Schoulen, de Portieren an dem Botzpersonal en decke Merci fir déi 2 gelongen Deeg.