Skip to main content
ArtikelenRepresentéieren

Neijoerschpatt 2020

By January 17, 2020February 2nd, 2020No Comments

Fir déi drëtte Kéier huet d’ACEL op hiren Neijoerschpatt an der Maison du Savoir invitéiert.

Dës Receptioun déi de 17ten Januar 2020 stattfonnt huet war d’Geleeënheet fir op dat vergaangent Joer zeréckblécken an awer och déi Zukünfteg Projete vun der ACEL unzeschwätzen.

 

Eng ganz Réi politesch Dossiere stinn do weiderhin um Programm vum   Studentevertrieder, ënnert anerem d’Multimediasteier (GIS) an Eisterräich oder nach d’Reforme vun der Taxe d’Habitation a Frankräich. Deen gréissten Dossier bleift weiderhin d’Stagegesetz, dat soll d’Konditioune vun engem Stage zu Lëtzebuerg reegelen.

Nieft de politeschen Themen dierf een awer och net vergiessen, dass d’ACEL virun allem Schüler a Studenten iwwer d’Studieméiglechkeeten informéiert. Och dëst ass ee vun de wichtegste Piliere vun der Associatioun a wäert och am Joer 2020 net ze kuerz kommen. Dofir wäert och dëst Joer, no enger gelongener Editioun 2019 de “Student fir 1 Dag” erëm am Abrëll stattfannen.

Dann gouf och nach d’Geleeënheet genotzt vir op de Ronne Gebuertsdag vum Studentebal opmierksam ze maachen, deen dëst Joer traditionell am Juli wäert stattfannen. Fir 20ten kéier gëtt dëse Bal vun der ACEL zesumme mat hire Cerclen organiséiert a fir dës Editioun kann een sech op e puer Iwwerraschunge freeën.

Den Neijoerschpatt ass natierlech a virun allem och eng Méiglechkeet, fir all deene Leit Merci ze soen déi zum Erfolleg vun der ACEL bäidroen. Ugefaange mat de Partner vun der Associatioun, ouni déi et ondenkbar wier all déi Aktivitéiten am Laf vum Joer ze organiséieren. Och de Cerclen an de Comitésmembere vun der ACEL gouf op dësem Wee Merci gesot fir hiren Asaz.

 

 

Déi gutt Kooperatioun mam Héichschoulministère gouf natierlech och net vergiess. D’ACEL ass duerfir ëmsou méi erfreet dass den Héichschoulminister Claude Meisch sech d’Zäit geholl huet fir e puer Wieder un d’Invitéen ze riichten.

 

Den Owend gouf no dëse Riede bei engem gemittlechen Apéritif ausklenge geloss.