Skip to main content
ArtikelenRepresentéieren

Partenariat Spuerkeess ACEL

By January 21, 2020January 31st, 2020No Comments

Am Januar huet eng Delegatioun vun der ACEL sech bei der Spuerkeess afonnt, vir de Partenariatskontrakt tëscht der Associatioun an der Spuerkeess ze verlängeren.

Dëse Rendezvous war vir d’ACEL d’Méiglechkeet sech mat der BCEE auszetauschen iwwer d’Projeten déi an Zukunft nach ustinn. Natierlech gouf dobäi och iwwer déi allgemeng Situatioun vum Student geschwat.

D’ACEL seet op dësem Wee der Spuerkeess Merci fir hier Ënnerstëtzung fir d’Studenten zu Lëtzebuerg, a freet sech op eng gutt Kooperatioun am Joer 2020.