Skip to main content
ArtikelenRepresentéieren

BREXIT 2020 – Wat geschitt elo?

By February 1, 2020No Comments

Den 29. Januar um 18:00 gouf de Brexit am EU-Parlament verabschid an huet domat endgülteg de Austrëtt vu Groussbritannien aus der EU beschloss.

No dësem historeschen Evenement stellen sech allerdéngs eng Rëtsch vu Froen:
Wat geschitt elo mat de Lëtzebuerger Studenten op der Plaz? Wéi eng Dokumenter mussen nom Brexit geännert oder ugefrot ginn? Wéi mussen sech zukünfteg Studenten uleeën?

Grondsätzlech ass et bis den 31. Dezember 2020 esou, dass sech am alldeegleche Liewen am Verglach zu 2019 näischt ännert. Dat heescht bis zum Enn vun dësem Joer ginn et keng Aschränkungen oder Changementer a punkto Persounen- oder Wuereverkéier. Och brauch ee keen extra Visum unzefroen, wann een eng gülteg Carte d’identité aus der EU besëtzt.

Dass sech näischt ännert, läit dorun, dass sech d’Europäesch Union mat Groussbritannien bis dohin a Verhandlunge befënnt wéi et ab 2021  fir di 2 Parteien am Matenee weidergeet.

Mir recommandéiere momentan alle Studenten, déi sech elo beziehungsweis nom 31.12.2020 a Groussbritannien  ophalen, ee gültege Reespass bei sech ze hunn.

A wat geschitt nom 31.12?

Studenten déi och 2021 a Groussbritannien studéieren wëllen, mussen sech – wéi och all aner EU-Bierger deen zu dësem Zäitpunkt a Groussbritannien liewe wëll, een neien Openthaltstatut ufroen. Dësen nennt sech je no Fall „pre-settled status“ oder „settled status“.

Studenten aus EU-Länner,  déi am Wantersemester 20/21 am UK studéiere gin laut der britteschen Autoritéiten a punkto Studiegebühre weiderhin esou wéi brittesch Studente behandelt.

Wann dir wëllt a Groussbritannien studéiere goen, da rode mir Iech un, ee Rendez-Vous mam CEDIES ze froen, fir ze kucken ob et Entwécklunge bezüglech der Unerkennung vum Diplom gëtt.

Reesen ënnerhalb dem UK

Och hei gëllt: wann dir a Grousbritannien wunnt an duerch d’UK reese wëllt, denkt drun, dass dir net nëmmen ee gültege Pass oder Carte d’Identité dobäi hutt, mä och äre Residency Permit.

Bei weideren News, Ännerungen, Entwécklungen an Auswierkunge fir d’Studenten aus Lëtzebuerg, hale mir Iech natierlech um Lafenden.

Méi Informatiounen zum Thema „BREXIT“ fannt dir hei: ënnert oder op https://guichet.public.lu/fr/support/faq-brexit.html

https://gouvernement.lu/fr/dossiers/2019/brexit.html