Skip to main content
ArtikelenZesummebréngen

Spenden – Tournoi de Noël 2019

By February 25, 2020No Comments

No eisem Tournoi de Noël 2019 a Kooperatioun mat der LASEL, hunn mir eise Gewënn un zwou Associatioune gespent. Heibäi handelt et sech zum engen em d’Association Narin. Hei gëtt d’Spend fir hieren neie Projet, bei dem si mat Kanner aus Jugendarichtungen Ausflich an Aktivitéite plangen, agesat. Zum anere geet den aneren Deel vum Gewënn un Care Luxembourg. Mat eiser Spend ënnerstëtze mir hire Projet am Jemen, wou si sur Place d’Mënschen an dobäi virun allem Kanner, déi hier Eltere verluer hunn, mam Liewesnoutwennegen versuergen.

Bei eisem Tournoi um Campus Geesseknäppche sinn eis Cercle géinteneen am Fussball, Volleyball a Basketball ugetrueden. Iwwer 2 Deeg gouf sech nieft dem Sport och am Supportéiere gemooss. Ausserdeem konnten sech d’Leit bei verschiddene Cercle, déi fir d’Iessen gesuergt hunn, mat verschiddene Spezialitéiten, wei Tiroler Gröschtl oder Chili Con Carne, stäerken. Donieft gouf bei eis um Comptoir deen en oder anere Patt gedronk an d’Wantersemester Revue passéiere gelooss.

Mir soe jidderengem Merci, deen des 2 Deeg sou flott gemaach hunn an déi déi Spenden erméiglecht hunn.