Skip to main content
ArtikelenRepresentéieren

Studenten am Ausland

By March 17, 2020No Comments

Léif Studenten,

Dëse Message riicht sech speziell un d’Studenten déi aktuell nach am Ausland sinn an net zu Lëtzebuerg.

Nom Pressecommuniqué vum Ausseministère (Link) de 16.03.2020, krute mir vill Froen, wéi d’Situatioun vun de Studenten am Ausland ass, doropshin hunn mir beim Ausseministère nogefrot.

  • Du bass Student am Ausland a wëlls do bleiwen?

Keen Problem! Wanns du dech an denger Wunneng an an dengem Land gutt a sécher fills, kanns du gären do bleiwen a muss net op Lëtzebuerg zréck kommen. Bedenk just, dass déi aktuell Situatioun sech all Moment ännere kann, esou dass an dësem Moment net gewosst ass, wei laang des Situatioun an Europa bleift.

  • Du bass Student am Ausland a wëlls zréck op Lëtzebuerg?

Dann probéier den Transport op Lëtzebuerg esou séier wéi méiglech ze organiséieren a maach dech op de Wee! D’Situatioun ass esou dynamesch, dass kee viraus soe kann, wéi laang den ëffentlech Transport nach duerch ganz Europa fiert a virun allem wéi laang oder a wéi enger Form d’Grenzen opbleiwen. Falls dir am Ausland sidd an är Situatioun net aschätze kennt, mellt iech bei ärer zoustänneger Ambassade, hei e Link wou dir all d’Ambassadë fannt.

Bedenkt, dass wann dir bis zu Lëtzebuerg sidd, eng Rees an är Studentestad ganz schwiereg bis net méi méiglech wäert sinn!

Bei weidere Froe mellt iech am beschte bei ärer Ambassade oder dem Ausseministère, d’ACEL hëlleft gäre wou se kann, leider ass et an dëser Situatioun och schwiereg jidderengem eng sécher Äntwert ze ginn!

Bleift gesond an haalt iech un d’Virschrëfte vun eiser Regierung oder vun dem Land wou dir iech grad ophaalt!