Skip to main content
ArtikelenRepresentéieren

Update Studenten am Ausland

By March 17, 2020March 21st, 2020No Comments

 

Den Ausseministère Recommandéiert all Lëtzebuerger Student dee wëll zeréck op Lëtzebuerg kommen dëst an noer Zukunft ze maachen, well d’Transportmëttel ëmmer méi ageschränkt ginn.

Wichteg ass, dass dëst eng Recommandatioun ass, jiddereen deen also a senger Studentestad wëll bleiwe kann dëst maachen. Et ass also keen obligéiert op Lëtzebuerg ze kommen.

Et gëllt awer ze betounen dass en Retour an d’Studentestad, wann ee bis zu Lëtzebuerg ass, an noer Zukunft praktesch net méiglech wäert sinn.

Wichteg ass och nach ze erwänen dass all lëtzebuerger Bierger zu all Moment op de lëtzebuerger Territoire ka kommen, et wäert also kee Lëtzebuerger op der Grenz ofgewise ginn. D’Schwieregkeet läit allerdéngs bei de reduzéierten ëffentleche Servicer bis bei d’Grenz ze kommen!

Wann dir am Ausland sidd a Froen hutt, kënnt dir iech zu all Moment un de Service des Affaires Consulaires  wenden oder un d’Ambassade Link an deem jeeweilege Land. Hei fann dir och nach de Pressecommuniqué Link  vum Ausseministère, hei fann dir nach weider Infoen a virun allem Kontakt Infoe vun de verschiddenen Autoritéiten.Dir kënnt och gären ëmmer nach der ACEL schreiwen, mir probéieren eist Bescht iech Schnellstméiglech eng passend Äntwert ze liwweren! Denk awer drun, dass Autoritéiten am verschidde Fäll awer dee méi schnellen a sécheren Wee sinn.

Bedenkt och dass de Luxairport ab dem Méinden 23ten Mäerz wäert zoumaachen. Et sinn also ab dësem Datum keng Passagéierflich vun an op Lëtzebuerg méi méiglech.

 

Bleift gesond an haalt iech un d’Virschrëfte vun eiser Regierung oder vun dem Land wou dir iech grad ophaalt!

Update : 21/03/2020