Skip to main content
ArtikelenCOVID19Zesummebréngen

De Studentebal 2020 – Ofgesot

By April 20, 2020August 4th, 2020No Comments

Nodeems lescht Woch vun der Regierung decidéiert gouf, dass bis den 31.07.2020 wéinst dem Coronavirus keng gréisser Evenementer méi dierfe stattfannen, si mir leider gezwongen De Studentebal 2020 ofzesoen. Dëst trefft eis virun allen haart well et den 20. Gebuertsdag vum Studentebal gewiescht wier a mir schonn eng Rei Iwwerraschunge fir iech geplangt haten. Esou mussen mir en groussen Deel vun eise Pläng an eiser Organisatioun opginn. Mir denken awer elo schonn un d’nächst Joer a wäerten dann dat bescht maache fir iech erëm en vun deene gréissten a flottste Baler aus dem Lëtzebuerger Land bidden ze kennen.

Mir hoffen dass dir net ze traureg sidd an da freeë mir eis drop iech alleguer gesond a monter op eiser Editioun d’nächst Joer ze gesinn.