Skip to main content
ArtikelenZesummebréngen

Wanterintercerclen

By May 4, 2020No Comments

Kuerz virum Confinement konnten nach zwou Intercerclen am Wanter stattfannen. De Friblëtz huet wéi üblech hire Ski-Weekend organiséiert an de Lestlé konnt sou just nach hir zweet Editioun vun der Saint Toré ofhalen.

Ski-Weekend zu St. Stephan

De Friblëtz huet och dëst Joer vum 21.-23. Februar op säi Ski-Weekend agelueden. Dësen huet an der Regioun Gstaad op St. Stephan stattfonnt.
Freides am Nomëtte war den Treffpunkt um Parking beim Irish. Vun do aus sinn d’Participanten an hire Chalet gefuer. Den Owend selwer gouf bis spéit an Nuecht gefeiert, andeems ënner anerem Béierpong a Kicker gespillt gouf.

Déi folgend zwee Deeg haten d’Studenten d’Méiglechkeet Ski, Snowboard a Schlitt ze fueren oder wanderen ze goen. Bäi beschtem Wieder konnten d’Participanten an der Mëttesstonn op der Pist iessen an d’Sonn genéissen.
Sonndes ass de Weekend leider ob en Enn gaangen. D’Participanten hunn hir Wallis gepaakt, sech Äddi gesot an ob de Wee gemaach fir an hir Studentestied.

Saint Toré zu Léck

Déi zweet Editioun vun der Saint-Toré Intercercle huet vum 10. op den 11. Mäerz 2020 statt fonnt. D’Lëstlé huet dës Intercercle am Kader vun der Saint-Toré, dem gréisste Lécker Studentefest schlechthin organiséiert, dëst Fest zitt sech all Joer iwwer 3 Deeg an et gëtt gefeiert gëtt ouni Enn.
Méindes, den Dag virun der Intercercle, si schonn déi éischt Participanten ugereest fir un der Garden-HEC Open-Air Party deel ze huelen.
Dënschdes ass dann déi eigentlech Intercercle mam Cortège vun der Saint-Toré lass gaangen. Dëst ass en Ëmzuch wou all d’Lécker Studentegruppe mat hierem eegene Won kennen Deel huelen. No enger Partie Bowling gouf den Dag am Take Off, dem Stammcafé vun de Lécker Studenten, mat engem Fräibéier ausklénge gelooss.

D’Intercercle gouf Mëttwochs mat enger weiderer Open-Air Party, der „Trottis“, ofgeschloss, bäi der zousätzlech nach eng net obligatoresch Course duerch en Parcours mat ganz vill Bulli stattfonnt huet.