Skip to main content
ArtikelenCOVID19Representéieren

Update zur Bourse – COVID-19 Kris

By May 5, 2020August 4th, 2020No Comments

No konstruktive Gespréicher mam Héichschoulministère, ginn et néi Informatioune wat d’Studiebäihëllefe betrëfft.

Dës Informatioune betreffen zum enge Studenten déi hiert Studium, bedéngt duerch déi aktuell Kris musse verlängeren awer och Studenten déi aktuell finanziell Problemer hunn.

 

Verlängerung vum Studium duerch COVID-19 :

Jiddereen dee bedéngt duerch déi aktuell Sanitär Situatioun säi Studium, egal a wei engem Zyklus en ass, muss verlängere wäert vun engem zousätzleche Semester Bourse kënne profitéieren.

Vir vun esou engem zousätzlecher Studiebäihëllef ze profitéieren, muss natierlech nogewise ginn dass d’Studium sech bedéngt duerch déi aktuell Situatioun verlängert huet an net duerch aner Grënn.

Zousätzlech gëllt natierlech och ze soen, dass all Student am Normalfall schon en Bonus Joer Studiebäihëllef zegutt huet. Sollt also ee säi Studium musse verlängeren, kann en vir d’éischt op dëst “Bonusjoer” zeréckgräifen.

Vir déi Léit déi hiert « Bonusjoer » schon opgebraucht hunn, gëllt natierlech, dass wann se hiert Studium bedéngt duerch déi aktuell Kris musse verlängeren, se en zousätzlecht Semester Bourse kënnen an Usproch huelen.

Déi genau Konditiounen, vir vun dëser Studiebäihëllef ze profitéieren, wäerten zu engem spéideren Zäitpunkt bekannt ginn.

 

Aktuell Finanziell Problemer duerch COVID-19 :

Studenten déi duerch déi aktuell Situatioun mat finanzielle Problemer konfrontéiert sinn, hunn d’Méiglechkeet en Härtefallantrag ze stellen, op Basis vun dësem Antrag gëtt decidéiert op ee vun enger zousätzlecher finanzieller Hëllef ka profitéieren.

D’Konditioun vir esou een Härtefallantrag ze stellen ass dass een all aner finanziell Hëllef déi de CEDIES am Normalfall bitt schonn an Usproch hëlt. Wan dëst net duergeet fir den Ënnerhalt vum Student ze finanzéiere kann een en Härtefallantrag stellen. Wann dësen Härtefallantrag accordéiert gëtt, kritt een 1000 € zougesprach (500€ als Bourse an 500 € als Prêt). 

Fir esou en Härtefallantrag kennen ze stellen, wäerten och nach weider Informatiounen nokommen.

Bei Froen zu dëse Mesuren, kënnt dir iech natierlech weiderhin un d’ACEL (email hidden; JavaScript is required) oder un den CEDIES (email hidden; JavaScript is required) wenden.