Skip to main content
ArtikelenRepresentéieren

Opruff: GIS – Ass eng Befreiung méiglech?

By May 9, 2020No Comments

Mir siche Studenten aus Éisträich, déi scho probéiert hunn, sech duerch hier Bourse Sociale vun der GIS befreien ze loossen.

Am Moment geet d’Befreiung nach net automatesch, dofir schaffen mir aktuell mam Centre Solvit zesummen fir dës Befreiung vun de Lëtzebuerger Studenten ëmzesetzen.

Mir brauchen folgend Dokumenter vun der GIS an vun dir fir een Dossier bei Solvit opzemaachen:

  • Vun der GIS: Meldezettel + Meldebestätigung
  • Vun dir un d’GIS: Antrag auf Befreiung
  • Vun der GIS: Bescheid den noweist dass dir d’Befreiung zeréck gewisen kritt hutt
  • Vum CEDIES – Dokument dat noweist dass dir Usproch op d’Bourse sociale hutt (Nachweis zum Antrag auf Befreiung vun der Rundfunkgebühren für Bezieher von Studienbeihilfen aus dem Großherzogtum Luxemburg)
  • Vum ZMR – Bestätigung der Meldung aus dem Zentralen Melderegister

Wann dir dat als schonn probéiert hutt oder ee kennt dee schonn an dem Fall war, dann zéckt net a mellt iech bei eis iwwer email hidden; JavaScript is required, well all Dossier dee mir erageschéckt kréien, hëlleft eis eng besser Léisung auszeschaffen.

Merci fir är Mathëllef!