Skip to main content
ArtikelenCOVID19Representéieren

Update zu de Grenzen an Däitschland, Éisteräisch an Holland

By May 18, 2020August 4th, 2020No Comments

De 17 Mäerz si mir alleguer e bëssen erféiert, wéi sech opgrond vum Coronavirus jidderee gefrot huet „Se wäerten dach net d’Grenzen zou machen“. Kuerz drop gouf rëm op de Staatsgrenze kontrolléiert an esouwuel mir Studenten, wéi ganz Lëtzebuerg huet sech gefrot wéi et wieder geet. Ween dierf aus dem Land fueren? Kommen ech dëst Semester nach eemol op meng Uni? Muss ech am Ausland direkt an d’Quarantänn? An nach vill aner Suergen hunn eis via Telefon, Email a Sozial Medien ereescht.

Haut kënne mir soen: et gi grouss Ännerungen zu dem Grenzverkéier an Europa!

Wéi den Ausseminister Asselborn an och den däitschen Ausseminister Maas bekannt ginn hunn, sinn d’Grenzen tëschent Lëtzebuerg an Däitschland erëm op. Dat heescht dir kënnt mat rouegem Gewëssen tëschent ärer Studentestad an Däitschland a Lëtzebuerg rëm hin an hier fueren.
Di systematesch Grenzkontrolle beim Eran- a Raus fuere ginn och opgehuewen.

Och di eenzel Quarantäns-Mesuren déi bis lo soten, dass all Student no senger Arees fir 14 Deeg a Quarantänn muss, gi lues a lues an de Bundesländer opgehuewen.
Fir ze wëssen ob et an ärer Studentestad schonn esouwäit ass, kuckt am beschten op der Website vun ärem Bundesland no.

Studenten aus Éisträich

Studente déi zréck an Éisträich brauchen op der däitsch-éisträichescher Grenz nach ëmmer eng Preuve, dass si bei engem Dokter ee Corona-Test gemaach hunn, deen *negativ* ausgefall ass an och net méi ewéi 4 DEEG al ass.

Studenten aus Holland

Däitschland huet och seng Grenzen zu Holland rëm ganz opgemaach.

Hei zielen also déi nämmlecht Mesurë bei der Arees wéi fir a Lëtzebuerg.

Een Update zu de franséischen, schwäizer a belgen Grenzen publizéiere mir muer.

Wann dir nach Froen zu der Grenzsituatioun an ärem Land hutt, oder dir soss ee Problem a punkto Studium hutt, mellt Iech gäre bei eis iwwert email hidden; JavaScript is required