Skip to main content
ArtikelenInstagramRepresentéieren

Härtefallantrag : How-to

By May 22, 2020April 13th, 2021No Comments

Nodeems an enger éischter Phase ugekënnegt gouf wéi eng Mesurë wäerte geholl ginn, kritt dir hei Detailer wat d’Konditioune fir en Härtefallantrag ze stellen, uginn.

 

Als éischt Konditioun vir esou en Härtefallantrag kënnen ze stellen, muss een am viraus scho all finanziell Hëllef vum Héichschoulministère (CEDIES) ugefrot hunn fir d‘Summersemester 2019/2020 an och all Prêt-étudiant fir dës akademescht Joer bei der Bank an Usproch geholl hunn.

 

Wann dëst de Fall ass an déi Montanten nët duerginn fir ären Ënnerhalt ze finanzéieren, well duerch d‘COVID-19-Crise Revenuen ewechgefall sinn, kënnt dir eng Demande fir en Härtefall stellen. Dëst ass eng Majoratioun pour “situation grave et exceptionnelle”.

Fir Är Demande anzereechen, musst där bis spéitstens den 19. Juni 2020 eng Mail un email hidden; JavaScript is required schreiwe wou folgend Dokumenter dran enthale sinn:

 

  1. Demande (ee Schreiwes sous forme vu Word, Pdf, oder einfach Email, wou där begrënnt wisou der dësen Härtefallantrag gestallt hudd an natierlech wisou är finanziell Situatioun duerch COVID-19 sech verschlechtert huet) fir kënne vun enger zousätzlecher Hëllef ze bénéficiéieren
  2. Eng Oplëschtung vun den Ausgaben an Recetten  déi all Mount ufalen (Am beschten als Tabell)
  3. E Beweis, dass der äre Studentenjob oder bezuelten Stage duerch d’Kris (deen iwwert d’Méint Februar bis Juni 2020 sollt lafen, verluer hutt. Dat betrëfft net en Studentenjob am Summer 2020.
  4. Eng Attestatioun vun der Bank, dass de Prêt fir d‘Summersemester 2019/2020 bei der Bank vun iech gezu ginn ass.

Schéckt w.e.g. alles zesummen an enger Mail.

Wichteg ass, dass d’Oplëschtung vun den Annahmen an Ausgaben esou komplett ewéi méiglech ausgefëllt gëtt fir d’Aarbecht vum Héichschoulministère ze vereinfachen.

Dës Demande fir en Härtefallantrag ginn dann no Receptioun vum Héichschoulministère (CEDIES) traitéiert an am Fall wou se accordéiert ginn och vum CEDIES ausbezuelt.

Bei weidere Froe kënnt der iech natierlech gären bei der ACEL (email hidden; JavaScript is required) oder beim Héichschoulministère (CEDIES) (email hidden; JavaScript is required) mëllen.