Skip to main content
ArtikelenCOVID19InstagramRepresentéieren

Covid-19: Een zousätzlecht Semester Bourse fir Studenten

By July 30, 2020April 13th, 2021No Comments

D’Gesetz vun de Studiebäihëllefe gouf geännert an der aktueller Situatioun ugepasst. Dës Ännerunge wäerten ab dem 01. August 2020 a Kraaft trieden a soumat scho fir dat kommend Semester zielen.

Jiddereen dee bedéngt duerch déi aktuell Sanitär Situatioun säi Studium, egal a wéi engem Zyklus en ass, muss verlängere wäert vun engem zousätzleche Semester Bourse kënne profitéieren.

All Student huet am Normalfall schonn zwee “Bonussemester” Studiebäihëllef ze gutt. Sollt also ee säi Studium musse verlängeren, kann en vir d’éischt op dës zwee Semester zeréckgräifen.

Huet een dës zwee Semester allerdéngs schonn opgebraucht, da kann een elo, bedéngt duerch déi aktuell Situatioun, vun engem weidere Semester Bourse profitéieren. Wichteg heifir ass, dass een am Summersemester 2019/2020 an engem Studiegang ageschriwwe war, nëmmen dann huet een Usproch op e weidert “Bonussemester”.

E Student, deen also am Bachelor ageschriwwen ass, huet elo dräi “Bonussemester” ze gutt. Dat nämmlecht gëllt och fir Masterstudenten, falls si an hirem Bachelor nach kee Bonussemester geholl hunn. Wann een am Bachelor awer schonn zwee Bonussemester gebraucht huet, dann huet een dee Moment am Master just nach ee “Bonussemester” ze gutt.

Studenten déi am éischten Zyklus, also am Bachelor ageschriwwe sinn, mussen ausserdeem eng vun dëse Konditiounen erfëlle fir kënnen an hirem 4. Joer vun der Bourse ze profitéieren:

  • Wéinstens 60 ECTS an den éischten dräi Joer validéiert hunn an dat am nämmlechte Studiegang
  • Wéinstens 30 ECTS no dem 3. Studiejoer validéiert hunn, falls een sech ëmorientéiert huet an e neie Studiegang ugefaangen huet

Déi genau Ännerungen fënns du ënner folgendem Link: http://legilux.public.lu/eli/etat/leg/loi/2020/07/17/a643/jo