Skip to main content
ArtikelenRepresentéieren

ACEL Meets Politics – Krut Schengen seng Grenzen opgewisen?

By September 9, 2020September 30th, 2020No Comments

Nodeems d’REEL 2020 zu München wéinst der aktueller sanitärer Kris misst ofgesot ginn an dowéinst och deen esou wichtege politeschen Deel net konnt stattfannen, huet d’ACEL entscheet eng Journée Politique zu Lëtzebuerg ze organiséiere fir den Dialog tëscht Politik an de Studenten ze fërderen an ze encouragéieren. REEL ass d’Ofkierzung fir “Réunion Européenne des Étudiants Luxembourgeois”, en Event dat all Joer an enger anerer Stad stattfënnt an iwwert 4 Deeg geet. All Joer ass d’REEL e wichtegt Event fir Politiker a Studenten un een Dësch ze bréngen an u gemeinsamen Ziler ze schaffen an Iddien auszetauschen. Aus deem Grond ass et och wichteg dësen Austausch an engem Joer ze hunn, wou vill nei Erausfuerderungen a nei Problemer entstanen sinn.

De Schengenaccord, deen dëst Joer säi 35. Gebuertsdag feiert, sollt net nëmmen am Mëttelpunkt vun der REEL 2020 stoen, mee et ass och d’Thema vun dëser Journée Politique. Déi lescht Méint hu gewise wéi schnell d’Grenzen och innerhalb vum Schengen-Raum kënnen zou gemaach ginn an zu wat fir Problemer dëst virun allem an de Grenzregioune féiere kann. Vill Studenten aus Lëtzebuerg déi an engem anere Land studéieren, goufe staark an hirer Mobilitéit ageschränkt a virun eng nei Situatioun gestallt, déi eng grouss Majoritéit vun hinne bis dohin net kannt huet. Och wann et scho virun der COVID-19 Pandemie vill Problemer innerhalb dem Schengen-Raum gi sinn, sou huet dës sanitär Kris op neits gewisen, dass nach vill verbessert muss ginn.

Krut Schengen déi lescht Méint seng Grenzen opgewisen? Dat ass d’Fro ëm déi sech d’Journée Politique den 10. Oktober 2020 um Belval dréine wäert. Um 14 Auer fënnt en Austausch statt, éier et mat enger Table Ronde weider geet an och d’Studenten hir Froe stelle kënnen. Wéinst de sanitäre Mesuren, wäert een sech am Viraus fir dëst Event umelle mussen. Méi Informatiounen dozou hei.