Skip to main content

MONTPELLIER : Tanja Reckinger, Droit

UMELDUNGSKÄSCHTEN OP DER UNI / OP DEN UNI’EN:

Ee Joer Bachelor op der Université de Montpellier oder op der Université Paul Valéry kascht 170 € plus 92 € CVEC (Contribution de Vie Étudiante et de Campus).

WÉINI KANN EEN SECH OP DER UNI /OP DEN UNIEN UMELLEN?

Vu Mëtt Januar bis Mëtt Mäerz muss ee sech op www.parcoursup.fr umellen.

WÉI KANN EEN SECH UMELLEN?

Am Wanter muss ee sech op parcoursup.fr mellen vir all d’Unien an Frankräich déi een interesséieren. Ronderëm Mee bis Juli kritt een Äntwerten geschéckt, an et muss een entscheeden, ob een op eng besser Äntwert waart oder se direkt akzeptéiert.

Nodeems een ugeholl gouf musse ee sech am Summer op dem Internetsite vun der jeeweileger Uni administrativ an pedagogesch umellen.

OP WAT MUSS EE BESONNESCH OPPASSE BEI DER UMELDUNG OP DER UNI / OP DEN UNIEN?

Oppassen dass een d’Delaien vun Parcoursup net verpasst vir sech unzemellen, zouzesoen etc, soss kritt een an ganz Frankräich keng Plaz op enger Uni vir dat Joer.

FIRWAT STUDÉIERS DU AN DER STAD?

Montpellier gefält mir gutt als Stad, et ass ëmmer schéint Wieder, an et ass net wäit vun der Plage. Montpellier ass och eng jonk Stad mat ville Studenten, et ass also ëmmer eppes lass. Mir war et awer och wichteg dass si eng gutt Uni hunn, déi och a Lëtzebuerg gutt ugesinn ass.

WÉI EE STUDIEGANG ASS BEI DE LËTZEBUERGER AM MEESCHTE BESAT/AM BELÉIFTSTEN?

Déi meeschten Lëtzebuerger zu Montpellier studéieren Droit oder Ekonomie.

WÉI BRÉNGT DIR D’LËTZEBUERGER STUDENTEN ZESUMMEN?

Mir organiséieren all 1-2 Wochen en Event, zum Beispill um Ufank vun all Semester en Éischten Patt, mee och Beerpong-Tournoien, Quizowender, en Ski-Weekend, an nach vill aner flott Eventer.