Skip to main content

NUMM VUM CERCLE: Lëtzebuerger Studenten zu St. Gallen

ST. GALLEN (CH) : Egan Paquay, President vun de Lëtzebuerger Studenten zu St. Gallen, Bachelor in Business Administration

UMELDUNGSKÄSCHTEN OP DER UNI / OP DEN UNI’EN:

  • Direkt Umeldungskäschten: CHF 250
  • Bachelor
    • Schwäizer & Liechtensteiner: CHF 1229/Semester
    • Aner Nationalitéiten: CHF 3129/Semester
  • Master
    • Schwäizer & Liechtensteiner: CHF 1429/Semester
    • Aner Nationalitéiten: CHF 3329/Semester
  • Ph.D.
    • Schwäizer & Liechtensteiner: CHF 629/Semester
    • Aner Nationalitéiten: CHF 1079 CHF/Semester

WÉINI KANN EEN SECH OP DER UNI /OP DEN UNIEN UMELLEN?

  • Oktober – 30. Abrëll (fir Bachelor)
  • Oktober – 31. Mäerz/30. Abrëll (Master) (programmofhängeg)

WÉI KANN EEN SECH UMELLEN?

OP WAT MUSS EE BESONNESCH OPPASSE BEI DER UMELDUNG OP DER UNI / OP DEN UNIEN?

  • Umeldung fir den Examen an der nämmlechter Sprooch wéi dat éischt Joer am Bachelor! (Däitsch oder Englesch)

FIRWAT STUDÉIERS DU AN DER STAD?

D’Stad St. Gallen ass ganz charmant, huet eng mënschlech Dimensioun an huet en ausgepräägte Studenteliewen. Et kënnt oft vir dat ee beim Akafen op Kolleegen trëfft. Et fënnt ee sech schnell ëm an et verléiert een sech net all ze schnell.

WÉI EE STUDIEGANG ASS BEI DE LËTZEBUERGER AM MEESCHTE BESAT/AM BELÉIFTSTEN?

Déi meescht Lëtzebuerger wielen no hirem éischte Joer entweder de Bachelor in Business Administration (BBA) oder de Bachelor in Economics (BE). Ausserdeem sinn de Bachelor of Law & Economics (BLE) an de Bachelor in International Affairs (BIA) ganz interessant.

WÉI BRÉNGT DIR D’LËTZEBUERGER STUDENTEN ZESUMMEN?

Wéinst der gerénger Unzuel u Memberen bleiwe mir bei de ganz klasseschen Aktivitéiten : Sozial Evenementer bei engem doheem oder an engem gudde Restaurant. Soss hu mir viru puer Joren eng Wall Street Night am Scott’s Pub organiséiert.