Skip to main content

NUMM VUM CERCLE: Luxembourgish Students at Miami

OXFORD, OHIO, USA : Claudia Zaunz, Junior, class of 2022, double major: English Literaure & Journalism

UMELDUNGSKÄSCHTEN OP DER UNI / OP DEN UNI’EN:

Den Iwwerbléck mat de Käschte vum studéieren ze behalen ass net ëmmer einfach. Dir wäert feststellen dat all Student en Theorie een anere Betrag un d’Uni muss bezuele well et dovun ofhänkt wéi héich äre Scholarship ass. Am Prinzip gëtt et 4 verschidden Zorte vu Scholarships:

D’Miami University huet och Need-based a Merit Scholarships fir de Studente mat de Käschten ze hëllefen. D’Uni schéckt Iech een Dokument, am Fall wou der ugeholl gitt fir hei ze studéieren, op dem ganz genau drop steet wéi vill Dollar dir pro Joer ze gutt huet.

Als Awunner vu Lëtzebuerg kënnt dir fir eng speziell Bourse eng Applikatioun beim MUDEC eraschécken. De Lux Waiver , ee Full Tuition / Half Tuition waiver, erméiglecht ville LUAM Studenten op der Miami ze studéieren ouni musse fir déi héich Käschten opzekommen. Fir sou e Scholarship ze kréien, deen e Wäert vu ronn 30.000 – 35.000 Dollar kann hunn (Full Tuition Waiver) misst een an deene leschte Jore folgend Dokumenter eraschécken:

  • Op d’mannst zwou Recommandatioune vu Proffen aus ärem Lycée
  • Zensuren (4iéme bis 1iére)
  • Eng Bestätegung dat dir iech op der Miami University ugemellt huet

Ee Comité wäert dann entscheeden op dir ee Scholarship vum MUDEC kritt oder net.

Dëse Scholarship gëtt vum MUDEC Programm vu Joer zu Joer erneiert, wann dir Iech un hir Konditiounen haalt. An deene leschte Joren huet een ëmmer missen e Minimum un 15 Credits u Coursen huelen, zwou Recommandatiounen eraschécken a säi Joer natierlech gepackt hunn. Dës Konditioune kënnen sech am Laf vun der Joren awer änneren, dofir frot dir am léifste bei hinnen no!

Är Kontakt Persoun beim MUDEC fir dëse Scholarship ass den Interim Executive Director Raymond Manes. Bei Froen mëllt dir iech am beschten iwwer Email: email hidden; JavaScript is required

Méi Informatiounen zur Admissioun an de Käschte fannt dir ëmmer um Site vun der Uni. Kuckt dir do ëmmer déi spezifesch “International student admission” Säit ze fannen.

WÉINI KANN EEN SECH OP DER UNI /OP DEN UNIEN UMELLEN?

An Amerika muss ee fréi un sinn, fir sech anzeschreiwen. D’Deadline fir déi meescht Unie si schonn ee Joer am Viraus. Wann dir also am August fir d’Fall Semester 2020 wëllt mat studéieren ufänken, musst Dir Iech am Dezember 2019 / Januar 2020 dat Joer virdrun umellen. All d’Deadline fannt dir op www.commonapp.org an och op den Internet Säite vun den Unien.

Kontakt Persoun fir Lëtzebuerger:

Aaron Bixler, Senior Associate Director for International Enrollment

email hidden; JavaScript is required 

513-529-1241

WÉI KANN EEN SECH UMELLEN?

Fir Iech an Amerika op enger Uni anzeschreiwen huet Dir zwou Méiglechkeeten: entweeder bei all Uni eenzel eng Aschreiwung eraschécken, oder wéi mir virschloen, eng “Common Application” ausfëllen. Mat www.commonapp.org kënnt dir Iech bei verschiddenen Unien aschreiwen a braucht är Dokumenter nëmmen ee Mol eranzereechen. Dir kënnt esou d’Iwwersiicht behalen, gesitt op ee Bléck déi verschidde Requirements an och generell Infoen zur der Uni. Mam Site kënnt dir och no Unie sichen déi dir virdrun nach net kannt huet, déi awer äre Sichkrittären entspriechen.

OP WAT MUSS EE BESONNESCH OPPASSE BEI DER UMELDUNG OP DER UNI / OP DEN UNIEN?

Et gëtt oft och verschidden Deadlinen:

Early Decision

Early Action

Regular Decision

Vill Schüler mëllen sech bei 5 bis 10 Unien un an entscheeden dann eréischt méi spéit wou se wëllen hi goen. Déi verschidden Deadlinë spigelen d’Intentioune vun de Schüler rëm. Wann een sech fir eng Early Decision umellt, ënnerschreiwen een dat ee ganz sécher op dës Uni geet wann een ugeholl gëtt. Et ass also wéi ee verbindleche Kontrakt. De Virdeel ass dat d’Chancen op kompetitiven Unien ugeholl ze ginn dann erop geet.

D’Early Action an d’Regular Decision sinn onverbindlech an d’Deadlinë si respektiv och méi spéit. Fir d’Early Decision muss een oft schonn am November alles erageschéckt hunn. Bei dëser Optioun kritt een awer och oft méi héich Zommen als Scholarship ugebueden. Wann dir spezifesch Froen zu enger Uni huet kuckt dir am beschten op hirem Site no a schéckt hirem Admissions’ team eng Email.

Op der Miami University, wou eise Cercle aktiv ass, ass d’Deadline fir d’Regular Decision normalerweis ëmmer ronderëm de Februar. Dir huet also hei méi Zäit fir är Umeldung eranzeschécken. Am beschte kontaktéiert dir direkt de Campus zu Déifferdeng vu dat si Iech da kënnen hëllefen a Froe beäntwerten.

 

FIRWAT STUDÉIERS DU AN DER STAD?

Déi meescht vun eis wollten an d’USA fir vun de villen Opportunitéiten ze profitéieren déi dat mat sech bréngt. An Amerika ze studéieren ass eng Challenge. Et ka schwéier sinn esou wäit ewech vun doheem ze sinn mee et léiert een och ganz vill iwwert sech selwer. Op engem Campus, dat quasi seng eege Stad ass, ze liewen ass emol eppes ganz aneres. Mir waren all op der Sich no neien an interessanten Erfarungen an hunn ganz cool Leit aus der ganzer Welt op der Miami University kenne geléiert.

WÉI EE STUDIEGANG ASS BEI DE LËTZEBUERGER AM MEESCHTE BESAT/AM BELÉIFTSTEN?

Eise Cercle gëtt et nach net esou laang. Bis well hunn d’Lëtzebuerger Englesch Literatur, Journalismus, Kinesiology, Educatioun, Mecanical Engeneering, Pre-Med, Geschicht, Psychologie oder eppes am Beräich vu Political Science studéiert.

WÉI BRÉNGT DIR D’LËTZEBUERGER STUDENTEN ZESUMMEN?

Zu Oxford organiséiere mir Evenementer a probéieren eis Kultur mat den anere Schüler ze deelen. Eist Haaptevenement ass de “Taste of Luxembourg,” wou mir traditionell Lëtzebuergescht Iesse fir eng Ronn 80 Leit kachen a gratis zerwéieren. Mir hunn wärend deene leschte Joer Bouneschlupp, Gromperekichelcher, Kniddelen a souguer Äppeltaart mat Kompott fir eis Matschüler preparéiert.

LUAM ass treien RedHawk Supporter. Zesummen gi mir American Football, Basket an Ice Hockey Matcher kucken. Am Ice Hockey sinn d’RedHawks besonnesch gutt.

Eise Cercle gëtt Donneschdes oft bei Steinkeller iessen, da gëtt et 1 Liter Béier fir 8 Dollar. Heiansdo verkafen si do souguer Bofferding. Un aneren Deeg gi mir alt mol bei Mac & Joe’s e gudden amerikanesche Burger iessen. Do däerf déi importéiert Andalouse Zooss dann net feelen.