Skip to main content

NUMM VUM CERCLE: Lëtzebuerger Studenten zu Aberdeen

ABERDEEN: De Comité vun der LSA (Robin Faha, Rafael de Sousa, Rita Margue, Catherine Nilles, Jessie Jungels)

Elodie Esteves

Tim Grüneisen

UMELDUNGSKÄSCHTEN OB DEN UNIEN:

Robert Gordon University: Gratis bis Dezember 2020 dono ass nach onkloer

University of Aberdeen: Gratis bis Dezember 2020 dono ass nach onkloer

WÉINI KANN EEN SECH UMELLEN?

D’Aschreiwungen ginn normalerweis Ufank September op an de Schluss ass Mëtt-Januar. Fir d’Medezin Studium ass d’Aschreiwungsfrist schonn Mëtt-Oktober am Joer virun dem éischten Joer (zum Beispill: Ofschlossjoer – 2020 also Aschreiwung fir Medezin Studium – Oktober 2019). Sief dofir mat Zäiten un!

WEI KANN EEN SECH UMELLEN?

Jiddereen deen sech wëll op enger Universitéit an Groussbritannien umellen, muss dat online iwwert UCAS (The Universities and Colleges Admissions Service) maachen, also net bei den eenzelen Unien direkt. Hei fënns du déi néideg Informatiounen dozou: www.ucas.com

Wann’s Du awer schonn weess, dass Du op Aberdeen wëlls kanns de och op https://www.abdn.ac.uk/study/undergraduate/degree-programmes/ no deem passenden Degree sichen.

OB WAT MUSS EEN BESONNESCH OPPASSE BEI DER UMELDUNG OP DER UNI?

Du kriss Offeren vun den Unien geschéckt baséiert op den Donnéeën déi’s Du uginn hues. Et kann och sinn, dass Unien Dech direkt refuséieren, oft kriss de awer ‘Conditional Offers’, wat heescht dass de eng gewëssen Moyenne muss hunn fir dass d’Uni Dech unhëlt. Kriss de méi wéi eng Offer, muss Du dech fir 2 vun Dengen Choixen entscheeden an däin 1. an 2. Choix uginn. Opgepasst: hellt däin 1. Choix Dech schlussendlech un, muss Du och dohin goen, Du kanns dann net méi refuséieren.

Falls Du guer keng Offer kriss, gëtt et nach de ‘clearing’ hei kanns Du dech ëm August op déi Platzen mellen déi nach fräi sinn op den Unien an kriss direkt eng Äntwert op d’Uni Dech unhëlt oder net.

Bei der Registréierung solls Du net self-funding uginn, mee Student AA Scotland. SAAS bezilt d’Aschreiwung fir Dech. D’Studéieren a Schottland kascht Dech (am Moment nach) also keng Aschreiwungsfraisen. (Gëlt just nach bis Dezember 2020)

FIRWAT STUDÉIERS DU AN DER STAAT?

“Ech sënn op Aberdeen komm well et eng Stad ass mat immens vill perséinlechem an besonneschem Charme. Vun den ale Gebaier, iwwert d’Frëndlechkeet an d’Hëllefsbereetschaft vun den Leit, bis hin zu den verfroossenen Séiméiwen ass alles dobäi. D’Qualitéit vun den Coursen ass einfach top an et fält engem super einfach sech doheem ze fillen”. Zitat vum Tim Grüneisen

“Aberdeen ass villäicht eng kleng Stad, mee huet ganz Villes ze bidden! Op een op t Mier, Geschäfter oder Pubs Loscht huet, et ass fir jiddereen eppes dobäi! T’Proffe souwuel ewéi t’Studenteveräiner sinn och immens hëllefräich wat engem direkt en gudden a frëndlechen Androck gëtt.” Zitat vum Elodie Eteves

WEI EEN STUDIEGANG ASS BEI DEN LËTZEBUERGER AM MEESCHTE BESAT/AM BELÉIFTSTEN?

Gefillt ginn däi meeschten Lëtzebuerger Englesch studéieren, mee an deen leschten Joren, kommen ëmmer méi Leit Bio, Anthropologie, Mathematik, Physik asw. studéieren.

Prezis Angaben vun der Uni kruten mer net.

WÉI BRÉNGT MIR D’LËTZEBUERG STUDENTEN ZESUMMEN?

Eisen Kniddel Owend eemol d’Semester

Visitt vum Chrëschtmaart vun Edinburgh

Movie Night