Skip to main content

NUMM VUM CERCLE: Lëtzebuerger Studenten zu Düsseldorf

DÜSSELDORF : Lisa Hutmacher, Humanmedizin

UMELDUNGSKÄSCHTEN OP DER UNI / OP DEN UNI’EN:

Heinrich-Heine-Universität: tëschen 312€ (Uni + NRW-Ticket fir den ëffentlechen Transport)

WÉINI KANN EEN SECH OP DER UNI /OP DEN UNIEN UMELLEN?

Je no Fach (zulassungsfreie Fächer) kann een sech nach bis den 30.09.2020 umellen. Fir Fächer fir déi een e bestëmmten Numerus Clausus (NC bundesweit & Orts-NC) brauch, si Bewerbungsfristen fir d’Wantersemester 20/21 scho fäerdeg.

WÉI KANN EEN SECH UMELLEN?

Umelle kann ee sech iwwer de Site vun der Heinrich-Heine-Universität: https://www.uni-duesseldorf.de/home/studium-und-lehre-an-der-hhu/studium/studienplatzbewerbung/studienstart-bewerbungsverfahren-uebersicht.html  respektiv iwwer www.hochschulstart.de.

OP WAT MUSS EE BESONNESCH OPPASSE BEI DER UMELDUNG OP DER UNI / OP DEN UNIEN?

Fir Medezin (Human- & Zahn-), Pharmazie a Veterinärmedezin muss een sech iwwer Hochschulstart umellen, dat ass dëst Joer vu Mee bis Mëtt August gaangen. Déi Fächer hunn ee bundesweiten Numerus Clausus.

Et gëtt fir aner Fächer wei z.B. Psychologie en Orts-Numerus Clausus.

FIRWAT STUDÉIERS DU AN DER STAD?

Durch mäi Medezinstudium hat ech kee freie Choix a misst ee Ranking uginn.

WÉI EE STUDIEGANG ASS BEI DE LËTZEBUERGER AM MEESCHTE BESAT/AM BELÉIFTSTEN?

Virun allem soziale Arbeit an Medezin.

WÉI BRÉNGT DIR D’LËTZEBUERGER STUDENTEN ZESUMMEN?

Mir probeiren all Mount ee Stammdësch ze organiséiren, sou wei Fussballmatcher an Äishockeymatcher kucken ze goen.