Skip to main content
Artikelen

D’Handwierk – e Kickstart fir deng Zukunft!

By September 30, 2020October 9th, 2020No Comments

Dat passend Studium oder de passende Beruff ze fannen ass net einfach! Vill Jonker si sech nom Lycée net sécher, wou et si berufflech hiverschloe wäert.

Dréchen Theorie? Dat seet net villen eppes. Natierlech gehéiert d’Theorie och ëmmer dozou, mee d’Praxis ass dat, woufir vill Leit liewen! Wann s du motivéiert bass, eppes mat eegenen Hänn ze maachen, konkret Projeten a virun allem dech selwer verwierkleche wëlls, kéint eng Karriär am Handwierk genau dat Richtegt fir dech sinn!

D’Handwierk ass vill méi, wéi dat wat s du eventuell bis elo dovunner kenns:

Den 1. Employeur am Land – 6 verschidde Secteuren – iwwert 121 Aktivitéiten a Beruffer, déi drop waarden entdeckt ze ginn.

An d’Handwierk ass dat, wat s DU draus méchs, et läit wuertwiertlech an DENGER Hand!

Wousst du, dass du an engem duale Studium Coursen op der Uni besichen a gläichzäiteg praktesch Erfarungen an engem Betrib sammele kanns? Op dësem Wee hues du no 3 Joer net nëmmen e Bachelor (z.B. als Ingenieur) an der Täsch, mee och nach e Gesellebréif (Diplôme d’aptitude professionelle, DAP) an engem Beruff. An op eppes kanns du Gëft huelen: Mat dëser Qualifikatioun bass du immens um Aarbechtsmarché gefrot!

Och fir Studenten, déi zum Beispill Droit, Ekonomie oder Ingenieurswiesen studéieren, bitt den Handwierkssecteur Aarbechtsméiglechkeeten. Ënnert anerem Juristen, Comptabelen, Ingenieuren, Zeechner, Grafiker a vill aner Beruffsprofiller ginn ëmmer erëm an Handwierksbetriber gesicht.

Wann s du nom Lycée léiwer eng Formatioun maache wëlls, déi et dir dono erméiglecht, op eegene Been ze stoen, kéint de Meeschterbréif déi perfekt Léisung fir dech sinn! Mat enger 1ière kanns du nämlech e Meeschterbréif (Brevet de Maîtrise) a 6 verschiddene Secteuren an 28 verschiddene Beruffer ufänken – vum Liewensmëttelhandwierker bis zum Schwammmeeschter ass esou gutt wéi alles vertrueden!

Meeschter ze ginn dauert an der Reegel 3 Joer. D’Coursë fannen am Prinzip ab September owes an de Weekend statt, also niewent denger Aarbecht. Mat engem Meeschterbréif hues du net nëmmen déi beschten Ausbildung fir an engem Betrib Karriär ze maachen, du kanns dech och domadder selbstännegmaachen, däi Wëssen weiderginn an néi jonk Talenter an dengem Beruff ausbilden. Mat dësem Diplom ass engem eng Aarbechtsplaz ausserdeem esou gutt wéi garantéiert: Qualifizéiert Handwierker sinn ebe gesicht!

Huel deng Zukunft an deng Hänn an informéier dech iwwert d’Léier- a Karriärsméiglechkeeten op www.handsup.lu ! Weider Informatiounen zu de verschiddene Weeër, déi an d’Handwierk féieren, fënns du ausserdem hei.