Skip to main content

Eppes Neies léieren oder schaffe goen — oder villäicht souguer béides? Vill Jonker si sech net ëmmer sécher, wou et si berufflech hiverschloe wäert. Géint des Onsécherheet hëlleft eigentlech nëmmen eppes: Probéieren! Am Handwierk ginn et vill verschidde Formatiouns- a Karriärsméiglechkeeten an ënnerschiddlech Beruffer, an deenen s du kanns aktiv ginn.

Du schaffs gäre mat Liewensmëttel oder interesséiers dech fir de Beräich Moud-Gesondheet-Hygiène? Dat sinn zum Beispill zwee vu sechs Beräicher, déi d’Handwierk ofdeckt. Weider Beräicher sinn d’Mechanik, d’Konstruktioun, d‘Kommunikatioun a Multimedia, d’Konschthandwierk an divers aner berufflech Aktivitéiten.

Fir an dëse Secteure schaffen ze kënnen, ass de klassesche Wee, eng Ausbildung am Handwierk ze maachen. Och als Erwuessene bleift dir dëse Formatiounswee op. Fir eng Erwuessenenausbildung muss een da mindestens 18 Joer al sinn, säit mindestens 12 Méint seng Schoulzäit ofgeschloss hunn an am Prinzip mindestens 1 Joer bei dem Centre Commun de la Sécurité Sociale zu Lëtzebuerg ugemellt gewiescht sinn. D’Ausbildung besteet aus theoretesche Coursen an deng praktesch Erfarung mëss du an engem Ausbildungsbetrib.

Wat d’Virdeeler vun enger Ausbildung sinn? Als Erwuessene verdéngs du scho wärend denger Léier de soziale Mindestloun. Ween säi Joer packt, gëtt mat enger zousätzlecher Primm pro Mount belount. Ausserdeem fannen 92% vun den Absolventen ënnerhalb vu 6 Méint eng Aarbechtsplaz oder setzen hir Formatioun fort. 68% vun den Absolvente fannen eng Aarbechtsplaz bei hirem Ausbildungsbetrib.

Interesséiert? Dann mell dech bei der Beruffsberodung vun der ADEM an der Stad, zu Esch oder zu Dikrech un, fir de passenden Ausbildungsbetrib fir dech ze fannen. Hei kanns du dech an engem – esouguer bis zu 3 verschiddene Beruffer – mellen, déi dech interesséieren! Eng Kommissioun decidéiert op Grond vun dengem Dossier, ob s du fir d’Léier zougelooss gëss. Ass dëst de Fall gëss du postalesch doriwwer informéiert.

Wéinst der Corona-Kriis sinn d’Delaie fir d’Ënnerschreiwe vun engem neien Ausbildungsvertrag dëst Joer ausnamsweis bis zum 31. Dezember 2020 verlängert ginn. Wourop waarts du also nach? D’Handwierk ass dat, wat s DU draus méchs, et läit wuertwiertlech an DENGER Hand!

 

Informéier dech op handsup.lu an op maison-orientation.public.lu iwwert all deng Léier- a Karriärsméiglechkeeten!

 

Fotos © iStock