Skip to main content
Artikelen

Karriär maache mat engem praktesche Studium am Handwierk!

By December 31, 2020No Comments

D’Handwierk bitt eng Vilfalt u Méiglechkeete fir Karriär ze maachen, sief et iwwert eng Beruffsausbildung, de Meeschterbréif oder e Studium. Nodeems mir déi verschidde Weeër an d’Handwierk a viregte Blogs gesinn hunn, gi mir hei méi spezifesch op e praktescht Studium, wéi zum Beispill e BTS oder en duaalt Studium an.

Wat ass iwwerhaapt e „BTS“ (Brevet technicien supérieur)? Heibäi handelt et sech ëm e beruffsorientéiert Kuerzzäit-Studium, dat theoretesch Coursen a Stagen a Betriber matenee verbënnt. Ganz verschidde Secteure bidde verschiddenaarteg BTS-en un.  Am Handwierk kanns du ënner anerem zum Beispill e BTS an der Holztechnologie, Konstruktiounstechnik, Kältetechnik, Maintenance oder awer och als Optiker maachen! Dës villfälteg Spezialisatiounen zielen jiddefalls zu de Stäerkten vun dëser Aart Studium. No 2 Joer (an insgesamt 120 ECTS) hues du dir professionell Qualifikatiounen an engem ganz spezifesche Beräich ugëeegent a bass duerch deng praktesch Ausbildungform prett fir d‘Beruffsliewen  an um Aarbechtsmarché gefrot. Vill BTS-en ginn hei am Land oder am noen Ausland ugebueden, a fir dech aschreiwen ze kënnen, muss du op d’mannst 18 Joer al sinn an e Lycéesofschloss hunn.

Wann esou eng praktesch Approche gutt bei dech passt, kéint och en duaalt Studium dech interesséieren! E sougenannt „duaalt Studium“ kombinéiert praktesch Aarbecht am Betrib (zum Beispill a Form vun enger Léier) mat theoretesche Coursen un enger Héichschoul. De Virdeel heivunner ass, dass een no dësem Ofschloss direkt 2 Diplomer an der Täsch huet – eng praktesch Beruffsausbildung an e Bachelor zum Beispill. Och hei léisst eng Aarbechtsplaz dono net laang ob sech waarden.

Wéi s du gesäis, ass d’Handwierk och interessant an oppe fir déi Leit, déi net den traditionelle Wee vun enger Léier am Lycée gaange sinn, mee déi sech no enger Première an d’Handwierk orientéiere wëllen, gäre praktesch schaffen, an e reellt Resultat um Enn vun engem Aarbechtsdag am Grapp wëllen hunn. Et hänkt also ganz vun dir, denger Passioun an denge Kompetenzen of a wat s du dorausser méchs! Wann s du Loscht hues, an engem villfältegen, innovative Secteur ze schaffen, dann huel deng Zukunft an deng Hänn!

Méi Informatiounen iwwert déi verschidde Weeër an d’Handwierk, fënns du op  Berufslaufbahn im Handwerk (handsup.lu)

BTS Holztechnologie: BTS LNW

BTS Konstruktiounstechnik : BTS LTB

BTS Kältetechnik: BTS Fluides Énergies Domotique

BTS Maintenance: BTS Maintenance des systèmes

BTS Optiker: BTS Opticien Lunetier

Duaalt Studium e.a.:

Duales Studium – Bauingenieur

Duales Studium – Elektotechnik

Duales Studium – Maschinnenbau

Weider nëtzlech Links: www.bts.lu / www.cedies.lu