Skip to main content
ArtikelenZesummebréngen

Regatta.lu Sailing Students mat der ACEL

By March 12, 2021No Comments

Du bass Student a wëlls an der Summervakanz eng aussergewéinlech Erfarung maachen? Bei dësem Event kanns du aus dem Alldag eraus kommen an den Teamgeescht ënner Studente stäerken. Looss der dëst net entgoen!

 

29. August bis de 4. September 2021 an der Bretagne

ACEL-Trophy fir déi beschte Studente-Crew beim gréisste Lëtzebuerger Segel-Event.

Nodeems 2020 schonn 3 Studenten-Equipage bei Regatta.lu deelgeholl hunn, ass d’ACEL dëst Joer offzielle Partner vum Event an invitéiert all d’Studenten déi segele kënnen, oder et léiere wëllen, dobäi matzemaachen.

Regatta.lu – Wat ass dat ?

Regatta.lu ass eng sportlech Competitioun (Regatta = Course um Waasser), bäi där een och ka matmaachen, wann ee wéineg oder guer keng Erfarung am Segelen huet. All Equipage besteet aus 4 oder 5 Studenten, déi op enger 10-m-Yacht zesumme mat engem Skipper an engem Co-Skipper vum GLCR un der Course deelhuelen an sou op eng aktiv a spannend Manéier segele léieren. Et wäerten viraussichtlech 30 bis 35 Equipagen matmaachen, dat sinn dann iwwer 120 Jonker (Schüler a Studenten) an eng 80 Segel-Freaken vum GLCR. De Spaass ass garantéiert, an et ass eng super Geleeënheet, fir interessant Leit kennenzeléieren.

Wien organiséiert dat ?

Regatta.lu gëtt vum gréisste Lëtzebuerger Segelclub GLCR (Groupe Luxembourgeois de Croisière et de Régate) organiséiert, an Zesummenaarbecht mat der Segelfederatioun FLV an dem Service National de la Jeunesse (SNJ). En agespilltent Team, wat deen Event säit 2016 all Joers mat 20 bis 30 Booter organiséiert huet. An den éischte Joren war et just fir Schüler aus den Lycéen, mee säit 2020 sinn och Studenten zugeloos. 2021 gëtt dann elo e getrennt Klassement fir d’Studenten agefouert, bei deem et den ACEL-Trophy fir déi beschte Studente-Crew ze gewanne gëtt.

Wéi leeft dat of ?

Den Event start méindes moies, den 30. August zu Port-Haliguen bei Quiberon an der Bretagne. No enger kuerzer Aweisung fueren d’Equipagen fir den éischten Training op d’Waasser eraus. Vun dënschdes bis freides ass dann Training a Competitioun an der Baie de Quiberon, mat enger Escale vun zwee Deeg op Belle Île, eng wonnerschéin Insel déi virun der Bucht läit. Iwwernuecht gëtt op de Booter, an d’Iessen ass zum Deel op de Booter, an zum Deel an den Häfen, an engem groussen Zelt oder am Restaurant, entspriechend deem wat dee Moment dann am Respekt vun de sanitäre Moossnamen méiglech ass. Freides owes, den 3. September, ass d’Ofschloss-Feier mat der Präisverdeelung.

Wéi komme mir an d’Bretagne ?

D’Schüler aus de Lycéen fueren d’Nuecht duerch mam Bus vu Lëtzebuerg an d’Bretage, mee d’Studenten kënnen hir Rees selwer organiséieren, entweder mat Privat-Autoen oder mam TGV. Iwwert d’ACEL kënnt der och e Covoiturage organiséieren. Eis Booter leien vu Sonndes Nomëttes, dem 29. August un am Hafen zu Port Quiberon, sou dass een ab 17h00 anchecken an déi éischt Nuecht u Bord verbrénge kann. Och den 3. September sinn nach Booter disponibel fir drop ze schlofen, an da samschdes vun La-Trinité-sur-Mer aus d’Heemrees unzetrieden. Eng Navette gëtt organiséiert, fir d’Autoen déi zu Port-Haliguen stinn, sichen ze goen.  D’Aschreiwunge sinn elo op !

D’Participatioun u Regatta.lu Sailing Students kascht 560 € pro Persoun. An deem Präis ass alles dran : d’Locatioun vun de Segelyachten, d’Iessen an Drénken vun der ganzer Woch (u Bord an am Restaurant), d’Hafengebühren asw. D’Organisatioun an den Encadrement gëtt komplett vu Benevolle gemaach.

D’Aschreiwunge lafen exklusiv iwwert de Site www.regatta.lu. Do fënnt een och vill weider Informatiounen iwwert den Event. D’Umeldunge sinn individuell, mee natierlech kënnt Dir Iech als kompletten Equipage (zu 4 oder 5) umellen, fir zesummen op engem Boot ze sinn. Et kënnen Equipage mat nëmme Studentinnen a Studente vun enger Uni oder aus enger Stad gebilt ginn, mee och gemëschten Equipagen si kee Problem.

Well d’Booter musse fréizäiteg reservéiert ginn, sollt dir är Umeldung wa méiglech bis spéitstens Enn Februar maachen.

Méi Informatiounen ?

Ech Informatiounsversammlung fir all interesséiert Studenten ass e Mëttwoch, den 10. Februar 2021 um 20h30 iwwer Zoom. Dat ass d’Geleeënheet, fir alles iwwert Regatta.lugewuer ze ginn, wat der nach net wësst, a vläicht och aner Studenten virtuell ze treffen, fir zesummen en Equipage ze bilden. De Zoom-Link fir déi Versammlung fannt dir op regatta.luan op Facebook.

Eng Reunioun mat alle Participanten ass dann fir den 8. Juli um 18h30 am Lycée Josy Barthel zu Mamer geplangt, souwäit ee bis dohinner erem zu sou enger Versammlung dierf zesummekommen. Anerefalls gëtt déi Versammlung digital iwwer Zoom gemaach. Ausserdem huelen virum Event och ären Skipper a Co-Skipper mat Iech Kontakt op. Dir kënnt si dann treffen fir se kennen ze léieren, a wann néideg weider Informatiounen ze kréien.

 

 

Éléments clés de Regatta.lu – Sailing Students 2021

Dates : du 29 août au 4 septembre 2021

Lieu : Bretagne – Baie de Quiberon

Participants : chaque équipage sera composé de 4 ou 5 étudiants,
d’un skipper et d’un co-skipper

Organisateurs : FLV, GLCR, SNJ

Informations et inscriptions : www.regatta.lu

Actualités : www.facebook.com/regatta.lu