Skip to main content

Moien alleguer,  

Ech sinn den Maxime an war Schüler am Aline Mayrisch an maachen lo en PhD zu Oxford. Ech war fir mäin Bachelor zu München an fir mech perséinlech war den Wiessel an den englesch/amerikaneschen System genau dat richtegt. Ech weess aus eegener erfannen dass et am Lycée bëssen komplizéiert an intimidating schéngt fir sech an England oder Amerika unzemellen, mais dowéinst wëllen mir als Project Access Lëtzebuerg iech genau dobäi ënnerstëtzen.

Mir halen den 1. Juni um 17:00-18:30 en Webinar of wou mir iwwert d’Uni Liewen, den Studium, den Umeldungsprozess an d’Käschten an Groussbritannien an Amerika schwätzen. Lëtzebuerger Studenten vun Unien wei Oxford, King’s College London an Columbia University New York erzielen iech iwwer hier Erfarungen an wei se et geschafft op déi Unien ze kommen. Ob just en generellen Interêt oder schonn mat konkreten Froen, dier sidd alleguer wëllkomm! Falls der interesséiert sidd dann schreift iech w.e.g. op dëser Form an: https://forms.gle/uwTmtLzF5MqQw99t9.

Project Access ass e Netzwierk vun Studenten aus top engleschen an amerikaneschen Unien, déi sech als Ziel geholl hunn dech op deng Draamuni ze bréngen. Mir verbannen dech mat Lëtzebuerger Mentoren, déi dech bei all méiglechen Froen wéi: ‘Wéi mëllt een sech iwwerhaapt un? Wéi soll mäin Personal Statement ausgesinn? Sinn ech gutt genuch?’ beroden an zur Säit stinn. Project Access baséiert op Volunteers an den Service ass gratis. Mier encouragéieren Schüler aus allen Lycéeën, Sektiounen an Hannergrënn sech unzemellen. Méi rausfannen iwwert eis kennt der op eiser Internet Säit (https://projectaccess.org) oder op RTL (https://today.rtl.lu/news/luxembourg/a/1555561.html). Seid 2016 huet Project Access iwwer 4,000 Schüler aus 20 Länner mat méi wei 3,000 Mentoren verbonnen.  

Ech well iech och encouragéieren mir (email hidden; JavaScript is required) oder dem Lise (email hidden; JavaScript is required) ze schreiwen falls der iergendwellech Froen zu Project Access, dem Webinar, oder allgemeng zum Studium an England/Amerika hutt.