Et ginn Ännerungen a punkto Krankeversécherung an Däitschland.
All Lëtzebuerger Student, deen ee sougenannte Minijob huet, dat heescht manner ewéi 520€ de Mount verdéngt, muss sech net méi iwwert eng Däitsch Krankeversécherung assuréiere loossen.
Bis de Montant vun 520€ dierf een also iwwert seng Elteren am Heemechtsland verséchert bleiwen. Des nei Reegelunge gëlle fir all Studenten aus Dänemark, Schwäiz, Eisterräich an eeben och Lëtzebuerg.
Wann een allerdéngs méi wei des Zomme verdéngt, muss ee sech da weiderhin an Däitschland verséchere loossen.
Weider Infos fënns du hei: https://www.tk.de/MINI-JOBS/Versicherung
Bei Froen heizou zeckt net a mellt iech bei eis.
(Leschten Update vum 03.10.2022)