ArtikelenInstagramRepresentéieren

Krankeversécherung bei engem Minijob an Däitschland

By May 29, 2021 No Comments

Et ginn Ännerungen a punkto Krankeversécherung an Däitschland.

All Lëtzebuerger Student, deen ee sougenannte Minijob huet, dat heescht manner ewéi 450€ de Mount verdéngt, muss sech net méi iwwert eng Däitsch Krankeversécherung assuréiere loossen.

Bis de Montant vun 450€ dierf een also iwwert seng Elteren am Heemechtsland verséchert bleiwen. Des nei Reegelunge gëlle fir all Studenten aus Dänemark, Schwäiz, Eisterräich an eeben och Lëtzebuerg.

Wann een allerdéngs méi wei des Zomme verdéngt, muss ee sech da weiderhin an Däitschland verséchere loossen.

Weider Infos fënns du hei:  https://www.tk.de/MINI-JOBS/Versicherung

 

Bei Froen heizou zeckt net a mellt iech bei eis.