Skip to main content
ArtikelenCOVID19Representéieren

Upassung vum Bonussemester bei der Bourse fir nei Student:innen am akademeschen Joer 2021/2022

By August 18, 2021No Comments

D’Gesetz vun de Studiebäihëllefe gouf no leschtem Joer am Juli eng weider Kéier der aktueller Situatioun ugepasst.
Dës Ännerunge sinn den 01. August 2021 a Kraaft getrueden a soumat scho fir dat kommend Semester aktiv.

Nodeems lescht Joer jiddereen dee bedéngt duerch déi aktuell Sanitär Situatioun säi Studium, egal a wéi engem Zyklus en ass, huet misse verlängeren an esou vun engem zousätzleche Semester Bourse konnt profitéieren, ass des Moossnam duerch eng Ännerung am Gesetz, déi de 15. Juli 2021 eestëmmeg an der Chamber ugeholl gouf, och op Student:innen déi hire Studium am akademesche Joer 2020/2021 ugefaangen hunn erweidert ginn.

All Student:in huet am Normalfall schonn zwee “Bonussemester” Studiebäihëllef ze gutt. Sollt also ee säi Studium musse verlängeren, kann en vir d’éischt op dës zwee Semester zeréckgräifen.
Huet een dës zwee Semester allerdéngs schonn opgebraucht, da kann een elo, bedéngt duerch déi aktuell Situatioun, vun engem weidere Semester Bourse profitéieren. Wichteg heifir ass, dass een am Summersemester 2019/2020, respektiv neierdéngs am akademesche Schouljoer 2020/2021, an engem Studiegang ageschriwwe war. Nëmmen dann huet een Usproch op e weidert “Bonussemester”.

Opgepasst: Wann är Regelstudienzeit wéinst Corona em ee Semester verlängert gouf, hutt dir kee Recht op dëst zousätzlecht Semester Bourse! Allerdéngs huet een esou duerch d’Verlängerung vun der Regelstudienzeit awer ee Semester länger finanziell Ënnerstëtzung par Rapport zu der Zäit virun der Pandemie.

Wann een also am Bachelor ageschriwwen ass, huet een elo maximal dräi “Bonussemester” ze gutt. Dat nämmlecht gëllt och fir Masterstudent:innen, falls si an hirem Bachelor nach kee Bonussemester geholl hunn. Wann een am Bachelor awer schonn zwee Bonussemester gebraucht huet, dann huet een dee Moment am Master just nach ee “Bonussemester” ze gutt.
Ausserdeem gouf och fir des betraffe Student:innen de Fortschrëttkontroll vun de Studien am éischten Zyklus em ee Joer no hanne verréckelt.

Student:innen déi am éischten Zyklus, also am Bachelor ageschriwwe sinn, mussen eng vun dëse Konditiounen erfëlle fir kënnen an hirem 4. Joer vun der Bourse ze profitéieren:
Wéinstens 60 ECTS an den éischten dräi Joer validéiert hunn an dat am nämmlechte Studiegang
Wéinstens 30 ECTS no dem 3. Studiejoer validéiert hunn, falls een sech ëmorientéiert huet an e neie Studiegang ugefaangen huet.

Déi genau Ännerungen fënns du ënner folgendem Link: https://www.chd.lu/wps/PA_RoleDesAffaires/FTSByteServingServletImpl?path=1BF7F60644F4E7FC33F854821F79F46DAF4FC305EF307D3EE62D373CE2FD597EE6632F5C233FFB8571875B79EB012927$28D01082C3233FC6FE72BF0A613B1ED0